Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Whispers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel an héchster Alarmbereetschaft

Wéinst méiglecher Attack

Israel an héchster Alarmbereetschaft

Déi israeelesch Arméi géif dermat rechnen, datt Israel op e puer Fronte gläichzäiteg wäert ugegraff ginn, esou déi israeelesch Televisiounschaîne Channel 12.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

Westlech Länner, dorënner d'USA a Groussbritannien, hunn hir Bierger a Biergerinnen zu Beirut opgeruff, d'Stad esou séier wéi méiglech mat kommerzielle Vollen ze verloossen, esou laang déi nach funktionéieren. D'Ausseministere vum G7-Grupp vun de grousse westlechen Industrielänner hunn op enger Videokonferenz zu enger Deseskalatioun opgeruff. D'USA hunn Israel, an de Wierder vum US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin, "eisern Ënnerstëtzung" garantéiert. 

Den Iran an d'Hisbollah hu mat Attacken op Israel gedreet, nodeems d'lescht Woch de politesche Chef vun der Hamas, den  Ismail Hanijeh, zu Teheran, an en héichrangegen Hisbollah Kommandant zu Beirut ëmbruecht goufen.

D'Attack zu Beirut gouf vun Israel revendiquéiert, déi zu Teheran huet Israel bis elo net kommentéiert, mee den Iran huet Israel dofir responsabel gemaach.