Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joe Biden: Wafferou essenziell fir iranesch Attack ze verhënneren

Noen Osten

Joe Biden: Wafferou essenziell fir iranesch Attack ze verhënneren

Eng iranesch Attack op Israel kéint verhënnert ginn, wann Israel an d'Hamas sech iwwer en neie Wafferou-Accord an der Gazasträif eens ginn. Dat sot den US-President Joe Biden viru Journalisten an den USA. Iwwerdeems huet Israel nei Kampffligeren an den USA bestallt.

auto_stories

1 min

Jo Diseviscourt | © U.S. Secretary of Defense / Flickr
Foto: U.S. Secretary of Defense / Flickr

Muer sinn an der katarescher Haaptstad Doha méiglecherweis decisiv weider Verhandlungen iwwer eng Wafferou an der Gazasträif geplangt.

D'Noriichtenagence Reuters hat gëschter scho gemellt, datt den Iran seng annoncéiert Revanche-Attack op Israel nëmmen da géif faleloossen, wann et eng Wafferou an der Gazasträif gëtt.

Déi amerikanesch Regierung huet dann och eng weider grouss Vente vu Waffen a Militärfligeren un Israel autoriséiert. Fir iwwer 20 Milliarden US-Dollar keeft Israel vun den USA ënner anerem méi wéi 50 Kampffligere vum Typ F-15. Dat huet den amerikaneschen Ausseministère matgedeelt. D'Kampffligere sollen awer eréischt vun 2029 u geliwwert ginn.