Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biden iwwert eng méiglech Wafferou: Sou no un Accord dru wéi nach ni

Gespréicher zu Doha

Biden iwwert eng méiglech Wafferou: Sou no un Accord dru wéi nach ni

D‘USA sinn zouversichtlech, datt et bei den aktuellen indirekte Verhandlungen tëschent Israel an de Palestinenser zu engem Accord iwwert eng Wafferou am Gazakrich kënnt. Et wier een nach ni esou no dru gewiescht, sot den US-President Joe Biden.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

Zënter gëschter läit bei de Verhandlungen zu Doha en neien Accord um Dësch. D‘Hamas huet awer direkt nei israeelesch Iddien, déi dodra stinn, verworf.

E Méindeg sollen déi Gespréicher awer weider goen.

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken reest haut op en neits an Israel, fir intensiv diplomatesch Efforten op der Plaz weiderzefeieren, huet säi Ministère matgedeelt. De Blinken wéilt hei allen implizéierte Parteien nach emol kloer maachen, datt eng weider Eskalatioun an der Géigend definitiv evitéiert misst ginn.

An der Gazasträif gëtt et iwwerdeems en éischte Fall vu Polio, mellen déi palestinensesch Autoritéiten. Betraff wier en 10 Méint ale Puppelchen, deen net geimpft ass. Den UNO-Generalsekretär António Guterres hat virdrun eng Waffepaus gefuerdert, eebe fir Honnertdausenden Kanner géint d‘Polio kënnen ze impfen.