Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ ProVelo fuerdert weider Verbesserunge vun der Vëlosinfrastruktur an der Stad

Mobilitéit

ProVelo fuerdert weider Verbesserunge vun der Vëlosinfrastruktur an der Stad

ProVelo fuerdert op en neits Verbesserunge vun der Infrastruktur fir de Vëlosverkéier bei der Avenue Marie-Thérèse an der Stad. Zanter Mäerz vun dësem Joer wier et schonn zwee mol zu engem Accident op där Plaz komm mat all Kéiers schwéier Blesséierter. Dat schreift d'Associatioun, déi sech fir d'Interessi vun de Cyclisten asetzt, an hirem Communiqué.

auto_stories

1 min

Et hätt een Accident mat 2 Vëlosfuerer ginn an ee weidert tëschent engem jonke Cyclist an engem Camion. Fir datt et net nach zu weideren Affer géing kommen, fuerdert ProVelo eng komplett Neigestaltung vun der Kräizung tëschent der Avenue Marie-Thérèse an dem Boulevard Roosevelt.