Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Dana Gavanski - Let Them Row

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ProVelo: Holland als Beispill fir eng méi sécher Vëlosinfrastruktur

Mobilitéit

ProVelo: Holland als Beispill fir eng méi sécher Vëlosinfrastruktur

Nodeems d'lescht Woch bei engem Accident an der Stad e Vëlosfuerer uerg blesséiert gouf, kritiséiert d'ProVelo ASBL op en Neits d’Vëlosinfrastruktur an der Stad Lëtzebuerg. Holland kéint als Beispill déngen, wéi een de Vëlosverkéier méi sécher leede kéint.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Adobe Stock

D’Kräizung tëschent der Avenue Marie-Thérèse an dem Pont Adolphe ass déi Plaz, op där d'lescht Woch och den Accident soll geschitt sinn, sou de Philippe Herkrath vun ProVelo.

Net just un de Vëlo, mee u jiddereen denken

D’Sécherheet op dëser Plaz wier fir d’Vëlosfuerer einfach net garantéiert an et misst een deemno probéieren, d’Konflikter tëschent dem motoriséierte Verkéier an de Vëlosfuerer op dëser Plaz ze evitéieren. Wéi genau sou eng Léisung kéint ausgesi konnt ProVelo net soen, mee et kéint ee sech zum Beispill un engem Prinzip aus Holland inspiréieren, sou de Philippe Herkrath.

"Si plange wierklech net nëmmen d'Vëlosinfrastrukturen, mee all hir hir Stroosseninfrastrukturen esou, datt wa Mol eng Kéier een e Feeler mécht, dass et dann net direkt riskéiert zu engem trageschen Accident ze kommen."

Dat géing heeschen, am Fall wou ee riets ofbéit, géingen d'Kräizungen esou geplangt ginn, datt och wann een zu engem falsche Moment riets ofbéit, d'Geschwindegkeeten esou geréng wieren, datt de Risiko vun engem Accident erof geet.

De Philippe Herkrath betount, datt dat hollännescht Konzept méi séier Reaktiounszäite vun de verschiddene Verkéierersparticipanten garantéiere géing.

Lauschterenplay_arrow