Radioen

On air

Notturno  |  Haruomi Hosono & Cornelius - Bara To Yaju

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbechten um strategesch wichtege Pôle d'échange Houwald gi virun

Mobilitéit

D'Aarbechten um strategesch wichtege Pôle d'échange Houwald gi virun

Beim Tramschantier op der Houwalder Gare goufe gëschter an haut 12 grouss, 80 Tonne schwéier Stolträger op de Schinnen installéiert. E weider a wichtege Schrëtt fir den Ausbau vum Schinnen- a Tramsreseau, esou Vertrieder vu Ponts et chaussées, Luxtram an der CFL haut bei enger Visitt um Chantier. 

auto_stories

2 min

Foto: Michelle Barthel

Aktuell ginn d’Quaien ënnert der Plattform ëmgebaut. De Pôle d’échange um Houwald soll – wann e finaliséiert ass - no der Stater Gare deen zweet gréissten am Land ginn, preziséiert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.

“Hei si mir op eng Pôle d’échange, dee strategesch ass um Houwald. Hei kënnt Bus, Zuch an Tram zesummen. Et gëtt och un d’Vëlosinfrastrukture geduecht, et muss een och kënnen zu Fouss goen. Et kënnt ee mam Auto un, et wëll ee weider an d’Stad, op de Kierchbierg. Hei kënnt ganz vill zesummen.”

Och en néie Park&Ride wier am Mobilitéitsplang fir 2035 virgesinn, genau Pläng an Zuele konnten haut awer net virgeluecht ginn.

Zweespuereg vun 2026 un

Am Moment fiert den Tram nëmmen op enger Spuer iwwert d’Bréck op der Houwalder Gare. Dat, wëll et bis Dezember zejoert Problemer mat der Emprise vum Terrain vun där aler Gedrénksfirma Munhowen gouf. De Carlo Hentzen vu Luxtram erkläert.

“Dat war dat Gebai, dat ënnen an der Kéier stoung. Wat et eis eeben net erméiglecht huet, déi Bréck déi haut em place gesat gëtt, ze iwwerquiere mam Tram.”

Zënter Mäerz ass de Chantier elo voll am Gaangen. Vun Fréijoer 2026 u soll den Tram zweespuereg iwwert d’Bréck fueren. Dat kéint d’Taktfrequenz vun elo aacht Minutten op da sechs Minutten erhéijen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit