Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Day Wilson - Dovetail

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeiten d'Ännerunge bei de Stroumnetzkäschte fir de Verbraucher?

Nohalteg Technologien

Wat bedeiten d'Ännerunge bei de Stroumnetzkäschte fir de Verbraucher?

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL geet dovun aus, datt elektresch Fueren och weiderhi rentabel bleift. Och wa vum 1. Januar un d’Reseauskäschte fir de Stroum no uewen ugepasst ginn, an de Stroumpräisdeckel schrëttweis ewech fält. Mee wéi wäert dat sech genee auswierken? 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Elektroauto Oplueder Charger | © Andrew Roberts / Unsplash play_arrow
Foto: Andrew Roberts / Unsplash

De Frank Maas, zoustänneg fir Mobilitéit beim ACL, ass an deem Punkt kloer:

"Allgemeng kann ee soen, datt d'Luede vun engem Elektroauto méi gënschteg, bleift wéi Krafstoff ze tanken. Déi Vergläicher muss een ëmmer relativiséieren, well se awer vu verschiddene Parameter ofhänken, wéi zum Beispill de Verbrauch vum Auto."

De ganzen Interviewplay_arrow

Och déi weider Entwécklung vun de Präisser schwätzt éischter fir d’Elektromobilitéit, och wa se vu ville Facteuren ofhänkt. D’CO2-Steier, déi an Etappen erop gesat gëtt, wäert fossil Brennstoffer an Zukunft verdeieren.

Fir de Proprietär vun engem Elektroauto ginn et op der anerer Säit weider Méiglechkeeten, fir Geld ze spueren. Den Entretien ass ganz präiswäert par rapport zu engem Verbrenner. Iwwer eng Photovoltaikinstallatioun kann ee sou ze soe fir näischt tanken. An et besteet d’Méiglechkeet ze spueren, andeems ee Stroumspëtzte verhënnert, an zum Beispill iwwer Nuecht mat reduzéierter Intensitéit luet.

Och Mazout a Gas si méi deier

Och de Wirtschaftsministère hat virun enger Woch Rechebeispiller geliwwert. Och dee kënnt zur Conclusioun: Wien elektresch fiert oder mat Wärmepompel hëtzt, kënnt generell besser ewech bei den Energiekäschten, obwuel dës klammen.

Huet een en Eefamilljenhaus mat enger Borne vun 11 kw, sou wäert een am Schnëtt 2025 zwar 640 Euro méi Energiekäschten hunn. Fir e Stot mat Bensinner bezilt een awer ëmmer nach 800 Euro méi.

Déi selwecht Rechnung gelt och fir d’Hëtzen, also fir Haiser an Appartementer mat Wärmepompel: An all Rechebeispill bezilt deen, dee mat Mazout oder Gas hëtzt, tëscht 400 a 700 Euro d’Joer méi. Dat huet och domadder ze dinn, datt de Staat nach ëmmer fir d’Elektresch bäileet. An zwar um Endpräis, an deem d’Netzkäschte schonn enthale sinn.

Lauschterenplay_arrow