Radioen

On air

Notturno  |  Haruomi Hosono & Cornelius - Bara To Yaju

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reklamatioune wéinst Nuetsflich huelen zënter zwee Joer zou

Aviatiounsverwaltung

Reklamatioune wéinst Nuetsflich huelen zënter zwee Joer zou

Dëst Joer si bis elo iwwer 1.100 Reklamatioune bei der Aviatiounsverwaltung ANA erakomm. Dobäi huelen d'Reklamatioune wéinst den Nuetsflich zwar tendenziell zou, se suergen awer net fir déi meeschte Reklamatiounen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Déi meescht Reklamatioune koume vun der Biergerassociatioun vu Schëtter an Ëmgéigend, an zwar wéinst der Sportfligerei. Dat preziséiert d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an enger Question parlemantaire vun der LSAP.

D‘Nuetsflich um Findel maache just e minimen Deel vun den Doleancen aus. Zënter zwee Joer awer géifen d‘Reklamatiounen wéinst de Nuetsflich tendenziell zouhuelen, sou d‘Ministesch.

D‘lescht Joer huet d‘Zuel vun den Nuetsflich um Findel rëm zougeholl, nodeems et déi zwee Joer virdru manner Nuetsflich goufen. Dat wéinst den Aarbechten un de Pisten.

D‘lescht Joer goufen et 2.553 Nuetsflich um Findel. Déi meescht dovun tëscht 23 a 24 Auer owes, bedéngt duerch Verspéidungen op reguläre Vollen.