Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Securité routière: President Paul Hammelmann wäert 2025 an d'Pensioun goen

Zesumme mat den dräi Vizepresidenten

Securité routière: President Paul Hammelmann wäert 2025 an d'Pensioun goen

De President vun der Securité routière, de Paul Hammelmann, wäert 2025 an d'Pensioun goen. Mat him demissionéieren dann och seng dräi Vizepresidenten. Si géifen aus Frëndschaft mat him zesummen demissionéieren, esou de Paul Hammelmann de Mëtteg virun der Press.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Wie säin Nofollger géif gi wollt hien net kommentéieren.

Déi dräi Vizepresidenten, déi och demissionnéiere sinn de Marc Crochet vun der Caritas, de Pit Hentgen vun der Luxembourgeoise an den Nico Hoffman vun der Union luxembourgeoise des consommateurs.

Weider un der Vision Zéro festhalen

Virun der Press huet den Nach-President dann awer och déi aktuell Fuerderunge vun der Securité Routière presentéiert. 

Nieft generaliséierten 30er-Zonen an Uertschaften, wier dat virun allem déi sougenannt Vision Zéro.

Dat ass e Sécherheetskonzept, wat an den 90er a Schweden ausgeschafft ginn ass an och zu Lëtzebuerg zanter Ufank 2000er applizéiert gëtt. Et misst alles gemaach gi fir d‘Zil vun null Doudegen an null Schwéierblesséierten op de Lëtzebuerger Stroossen ze erreechen, sou de Paul Hammelmann "egal wat et kascht".

Fir datt een dat Zil kéint erreechen, missten der Securité Routière no elo mol zwou Saachen ëmgesat ginn. Op där enger Säit misst eng "mise en danger de la vie d’autrui" an de code penal opgeholl ginn – domat kéinte méi héich Strofe fir geféierlech Stroosserennen ausgeschwat ginn, dat Phenomeen géif et nämlech zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks ginn, esou de Paul Hammelmann. Op där aner Säit missten d’30er Zonen ofgeschaft ginn.

"Mir hätte gär datt déi ofgeschaaft ginn, an ersat ginn duerch eng allgemeng 30er-Regel an den Uertschaften. Dat heescht, iwwerall do, wou déi dräi usagers de la route – de Foussgänger, de Vëlosfuerer an den Automobilist zesumme sinn, soll et 30 sinn. A 50 wier d’Ausnam."

D'Sécherheet op de Stroossen net vergiessen

50 géif dann nach op de breede Stroosse gëllen, esou de Paul Hammelmann. Wann en Accident geschitt, an den Auto fiert 50, da sinn d’Schied déi entsti vill méi héich, wéi wann ee mat 30 fiert, ënnert anerem well de Bremswee vill méi laang ass. An déi déi leiden, wieren dacks net déi, déi am Auto setzen, mengt de Paul Hammelmann.

Hie kommentéiert och de Kampf fir d’Sécherheet hei am Land, dee vill Parteie sech zejoert bei de Walen op de Fändel geschriwwen hunn. Do dierft een d’Sécherheet op der Strooss net vergiessen.

"Déi Schwéierblesséiert... déi gréissten Onsécherheet ass nach ëmmer Stroossenonsécherheet. Well déi meeschte Blesséiert an déi Doudeg sinn am Verkéier an net an der criminalité générale."

Aus dem neiste Bilan vun de Verkéiersaccident, dee viru ronn engem Mount publizéiert ginn ass, geet ervir, datt d’Zuel vun den Doudesaffer op de Stroossen zwar erof gaangen ass, ma d’Zuel vun de Schwéierblesséiert ass erop gaangen, an dorënner sinn ëmmer méi Foussgänger a Vëlosfuerer.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit