Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Stau zu Lëtzebuerg: Wéi eng Léisunge ginn et?

Mobilitéit

Vill Stau zu Lëtzebuerg: Wéi eng Léisunge ginn et?

De Stau zu Lëtzebuerg géif d’Autofuerer:inne pro Joer 600 Euro kaschten. Dat stellt den Escher Mobilitéitsschäffe Meris Sehovic fest. Fir de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt (DP) wier de Covoiturage ee Schlëssel, fir géint de ville Stau virzegoen.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

Autoen am Stau | © Bigstock / weyo play_arrow
Foto: Bigstock / weyo

D'Verkéiersetüd vun der US-Entreprise INRIX huet jo festgestallt, datt d’Automobilisten an der Stad Lëtzebuerg am Joer 2024 an der Moyenne 55 Stonnen am Stau stoungen. Domat géif een den Dag op 15 Minutte kommen, rechent de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. Éier d‘Leit an der Stad ukommen, hätte si awer scho laang am Stau gestanen, betount hien. Deemno misst och regional den ëffentlechen Transport weider ausgebaut ginn.

Fir hie wier de Covoiturage och ee Schlëssel, fir géint de ville Stau virzegoen. Vun engem Péage, wéi d‘Securité routière et proposéiert, hält hien iwwerdeems näischt. Dat wier och op nationalem Plang néierens virgesinn.

De Grenzgänger:innen nëtzt gratis ëffentlechen Transport näischt

Zu Esch-Uelzecht stoungen d‘Leit zejoert 36 Stonnen, also bal eng Schaffwoch. De Meris Sehovic, Escher Mobilitéitsschäffen, huet ausgerechent, datt de Stau zu Lëtzebuerg d’Autofuerer pro Joer 600 Euro géif kaschten. Och fir de Staat géifen et duerch de Stau Milliounen u Käschte ginn.

Dem grénge Politiker no, misst deemno alles dru gesat gi fir d’Verkéiersopkommes ze reduzéieren. Ee groussen Deel vum Trafic hätt mat de Grenzgänger:innen ze dinn, esou de Meris Sehovic. De gratis ëffentlechen Transport géif hinnen näischt dengen, gëtt hien ze bedenken. 

Fir géint de Stau virzegoen, wier et och fir hien, den "non plus ultra" weider an den ëffentlechen Transport ze investéieren. Do hätt Lëtzebuerg nach vill ze dinn.

Lauschterenplay_arrow