Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perturbatiounen op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Belsch

Ëffentlechen Transport

Perturbatiounen op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Belsch

Wéinst engem nationale Streik an der Belsch ginn et haut Perturbatiounen am ëffentlechen Transport. Zwee Drëttel vun den IC-Zich, déi d‘Stied matenee verbannen, falen aus, esou déi Belsch Bunn.

auto_stories

1 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich

Der CFL no, wieren och d‘Strecke Lëtzebuerg-Arel a Lëtzebuerg-Gouvy betraff. Cliente solle sech am Viraus informéieren, ob hiren Zuch fiert.

Um Bréisseler Flughafe sinn eng ganz Partie Vollen annuléiert. D‘Hallschent vun de Volle vu Brussels Airlines falen aus. Och de Fluchhafe vu Charleroi rechent mat staarke Perturbatiounen.

Déi grouss Gewerkschaften hunn zum nationale Streik opgeruff, si fuerderen, dass de Pensiounssystem an der Belsch erhale gëtt, och wann dann eng nei Regierung bis steet.