Radioen

On air

Notturno  |  Orlando Weeks - Dig (feat. Rhian Teasdale)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radar zu Sëll befënnt sech an der Testphas

Mobilitéit

Radar zu Sëll befënnt sech an der Testphas

Zu Sëll ass de Radar op der Haaptstrooss zënter Juli an der Testphas. Dat schreiwen den Inneminister Léon Gloden an d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Luc Emering.

auto_stories

1 min

Foto: Symbolbild

An där Phase géifen all d‘Donnéeë geläscht an net ausgewäert ginn, preziséieren d‘Ministeren. Et géif hei drëm goen, déi néideg Parameteren anzestellen. Et géif och nach kee geneeën Datum fir déi repressiv Phas ginn.