Radioen

On air

Notturno  |  Haruomi Hosono & Cornelius - Bara To Yaju

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marché fir elektresch Occasiounsautoe soll wuessen

Nei Primm am Oktober

De Marché fir elektresch Occasiounsautoe soll wuessen

Eng nei Primm fir elektresch Occasiounsautoe vu méi wéi dräi Joer soll den 1. Oktober ageféiert ginn. Dat hat d’Regierung Mëtt Juni ugekënnegt. Dës nei staatlech Hëllef vu 1.500 Euro gëtt et, wann den neie Besëtzer säi gebrauchten Elektroauto op d'mannst zwee weider Joer laang hält, an hien net mam Verkeefer an engem Stot lieft. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

BMW i3 | © picture alliance / Sven Simon | FrankHoermann/SVEN SIMON play_arrow
Foto: picture alliance / Sven Simon | FrankHoermann/SVEN SIMON

Duerch déi nei Primm vu 1.500 Euro soll een Zweetmarché vun Elektroautoen entstoen, hofft d'Regierung. Donieft soll de Verbrauch u Ressourcë reduzéiert ginn.

Ginn déi 1.500 Euro duer?

Dës nei Primm wier ganz wichteg, a si war eng Fuerderung vum Secteur, seet den Nuno Fernandes. Hien ass Gerant a Grënner vun der Entreprise Occasiounsmaart zu Housen. Et géifen ëmmer méi Annoncë fir gebrauchten Elektroautoe ginn, esou seng Analys.

"Mir gesinn awer, datt den Attrait fir de gebrauchten elektreschen Auto sech a Grenzen hält. Warscheinlech och, well déi Autoen do ee gudde Krack méi deier si wéi anerer mam selwechte Joergang. An dofir fannen ech dat eng Necessitéit. Ech hätt mir - muss ech awer soen - méi erwaart elo wéi déi 1.500 Euro."

Den Automobilclub ACL fënnt net, datt déi nei Primm fir gebrauchten elektresch Autoe méi héich misst ausfalen, erkläert de Frank Maas.

"Net onbedéngt, well dat ass jo awer schwiereg an enger gewësser Hisiicht, well déi Autoe jo deemno wéi schonn eng Kéier eng Primm krut hunn, also neien Auto."

Immens klenge Marché zu Lëtzebuerg

Den Occasiounshändler Nuno Fernandes seet, seng Entreprise géif pro Joer eng 800 gebrauchten Autoen u Privatleit verkafen. Dorënner wieren d’lescht Joer nëmmen 10 elektresch Autoe gewiescht. D'Nofro no gebrauchten Elektroautoe wier hei am Land also immens kleng.

"Bei, loosse mir soen, méi exklusiven elektreschen Autoen ass wuel eng Demande an aneren europäesche Länner, déi scho méi an deem Secteur gemaach hunn. An déi gi ganz oft och vun eis dohinner exportéiert, well mir do méi schnell eis Suen, eis Investissementer kënne flësseg maachen, wéi hei am Land. Hei am Land stinn déi Autoen ze laang."

Och de Frank Maas vum ACL confirméiert, datt bis elo ganz vill Occasiouns-Elektroautoen an d'Ausland ginn.

"Wou et zum Deel och ee Marché dofir gëtt. D'Ursaachen dovu kënnen och sinn, dass do d’Primmen entweder guer net existent sinn oder däitlech méi niddreg sinn, wéi se zu Lëtzebuerg sinn."

Dowéinst géif den Occasiounsmaart fir Elektroautoen an deene Länner och besser funktionéieren, esou den Expert vum Automobilclub.

An nieft der neier staatlecher Primm fir elektresch Occasiounsautoe sollen et den 1. Oktober - wéi scho gewosst - weider Upassungen um Programm “Klimabonus Mobilitéit” ginn. Déi maximal Primm fir de Kaf vun engem neien elektresche Gefier soll dann zum Beispill nëmmen nach bei 6.000 Euro leien, an de Keefer muss säi Gefier op d'mannst 3 Joer laang halen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit