Domat kënnen d‘Leit zu Lëtzebuerg sech finanziell un der nationaler Verteidegung bedeelegen, andeem si dem Staat Sue fir Defence-Projete léinen.
Taux vun 2,25 Prozent pro Joer iwwer dräi Joer
Den Zënstaux läit bei 2,25%. Déi kritt een all Joer wärend dräi Joer ausbezuelt. D‘Zënserträg si fir Residentë steierfräi.
Fir mat ze maache muss een dem Staat e Minimum vun 1.000 Euro léinen. De Maximum läit bei 150.000 Euro pro Persoun a Bank.
Gilles Roth: "Lëtzebuerg ass ee Virreider"
De Finanzminister huet op der Pressekonferenz um Donneschdeg ervirgehuewen, datt Lëtzebuerg mam Defence Bond ee Virreider wier.
“Mir ginn de Bierger d'Méiglechkeet, sech direkt un der Finanzéierung vun dëser Verdeedegung an der Sécherheet vum Land ze bekennen an och ze bedeelegen. Haut lancéiere mer duerfir als den éischte Lëtzebuerger Defence Bond. Lëtzebuerg ass domat Virreider an Europa. Säit dem Zweete Weltkrich, also fir iwwer 80 Joer, huet keen anert Land méi esou eng Zort Emprunt opgeluecht.”
Dësen Defence Bond soll dem Staat also hëllefen, déi méi héich Verteidegungsausgaben ze finanzéieren, zu deene Lëtzebuerg sech engagéiert huet.
Woura soll investéiert ginn?
Wéi eng Verteidegungsprojeten konkret mat deene Sue wäerte finanzéiert ginn, gëtt nach vun engem Kommitee festgeluecht.
D‘Verteidegungsministerin Yuriko Backes huet Beispiller genannt.
“Ee Beispill ass eisen Akaf vun neien Drone fir d'Arméi um Terrain an hiren Opklärungsmissiounen, dann Equipementer vun der Arméi fir déi eege Protektioun. Ech menge mir wëllen eis Arméi mat deene beschten Autoprotektiouns-Materialen ekipéieren. Wann ech vun Infrastrukture schwätzen, dann ass et zum Beispill d'Renovatiounen um Härebierg, ass och Saache wéi de Schéissstand oder den Depot um Waldhaff. Dat sinn Infrastrukturen, déi si wierklech ganz, ganz al. Definitiv net méi zäitgeméiss fir eis Arméi.”
Déi nei Scholdschäiner sinn zënter zwou Auer de Mëtteg disponibel, an dat nach bis den 30. Januar, oder bis de Maximum vun 150 Milliounen Euro erreecht ass.
Méi Erklärungen zum Defence Bond vum Maurice Molitor: