D’Popularitéit vun dëser staatlecher Obligatioun fir Verdeedegungsausgaben hätt senger Meenung no och mam aktuelle geopolitesche Kontext ze dinn.
Oprüste fir de Fridden
Bierger:innen, déi perséinlech vun der Oprüstung profitéieren, wäerten dës net kritiséieren, hat et een Dënschdeg an engem Kommentar am “Lëtzebuerger Wort” geheescht, iwwer d’Absicht hanner dem “Defence Bond”.
Dozou seet de Finanzminister Gilles Roth, datt et een "Invest an de Fridden" wier. Grad Länner wéi Lëtzebuerg géingen oprüsten, fir de Fridden ze erhalen, an net fir militäresch Aktioune géint anerer ze plangen. An deem Sënn hätten d'Leit dat och opgeholl, ass de Gilles Roth iwwerzeegt
"Et ass en Effort fir d'NATO-Ziler (...) ze erreechen. Dat maache mir heimadder. Et ass en Deel vun deem Finanzement."
En “innovatiivt Spuerprodukt”
Et wier och net, wéi wann dat dem Staat elo näischt kaschte géing, mierkt den CSV-Finanznminister un.
"Et ass eng Verschëldung, déi iwwer deen hei Wee ofgewéckelt gëtt, wou d'Leit sech mat dra bedeelegen. Dat ass fir mech awer gerechtfäerdegt. Mee fir ze soen, dat hei ass fir Rüstungsopwand ze bewierkstellegen. Dat deelen ech manner."
De Gilles Roth gëtt awer zou, datt dëst “innovatiivt Spuerprodukt” fir Privatleit och fir de Staat attraktiv wier, wat den Zënstaux ugeet: Fir vill manner wéi een Taux vun 2,80 Prozent wier een och net bei institutionell Clientë Sue léine gaangen, huet de Minister erkläert.
E faire System, esou de Gilles Roth
De Gilles Roth huet am 100,7-Interview widderholl, datt praktesch 90 Prozent vun de Leit, déi Suen an den “Defence Bond” investéiert hunn, hei am Land wunnen: Si bezuelen also keng Quellesteier op hiren Zënserträg.
Wat hält de Finanzminister vun der Kritik, datt vun dësem steierleche Virdeel nëmmen déi Leit kënne profitéieren, déi Suen hunn, fir an esou eng Obligatioun kënnen ze investéieren?
"Ech kucken dat neutral. Jiddwereen huet d’Recht, déi Obligatiounen ze kafen. An d'Konditioune vun der Stee, nämlech mat dem Fait, dass hei keng (...) Quellesteier opgehuewe gouf, déi ass duerch e Gesetz verankert, dat eng ganz grouss Majoritéit an der Chamber huet. Duerfir soen ech ëmmer, een, dee méi verdéngt, bezilt jo och an eisem System, an dat ass gerechtfertegt, progressiv méi Steieren."
E Modell mat Zukunft?
De Finanzminister Gilles Roth hat schonn dës Woch an der Chamber gesot, datt hie sech ka virstellen, datt et an Zukunft weider staatlech Obligatioune fir Privatleit och fir d’Beräicher Wunnengsbau oder Energie-Transitioun kéinte ginn. Virop géing hien awer en zweeten"Defence Bond" net ausschléissen, well déi geopolitesch Situatioun sech esou séier änner géing.
Effektiv awer géing een iwwer weider Sekteuren nodenken, an deenen een esou virgoe kéint. Hie betount awer, datt als éischt mat der Chamber e Gesetz muss gestëmmt ginn.
"Meng Prioritéit geet awer zesumme mat der Chamber, well et muss ëmmer e Gesetz gestëmmt ginn, hei éischter elo an enger zweeter Phas um Niveau vun dem Wunnengsbau, wéi och déi energeetesch Transitioun."
Den “Defence Bond” fir Privatleit, dee vum 15. Januar u konnt gezeechent ginn, a schonn den Dag drop ausverkaaft war, huet ee Montant vun 150 Milliounen Euro. Den Zënstaux läit bei fixen 2,25 Prozent pro Joer.