arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei der Mäertesfeier krut d'Arméi hiren neie Fändel vum Grand-Duc iwwerreecht

Härebierg

|
headphones

1 min

Bei der Mäertesfeier krut d'Arméi hiren neie Fändel vum Grand-Duc iwwerreecht

Deen neie Fändel huet de Monogramm vum neie Staatschef Guillaume. Dëse Geste huet den Ufank vum Groussherzog Guillaume senger Funktioun als Kommandant vun der Arméisymboliséiert: dat um neie Grand-Duc sengem 44. Gebuertsdag.

headphones

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes (DP) huet an hirer Ried um Härebierg ugekënnegt, datt de Solde vu besonnesch de jonken Zaldote soll signifikant erop gesat ginn.

Nach dëst Joer wéilt si der Regierung eng Propos maachen, esou d’Ministerin.

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Fir de Generol Steve Thull war et haut déi lescht Mäertesfeier: De Chef d'état-major hat jo Enn Oktober ugekënnegt, den 1. Oktober d’nächst Joer an d’Pensioun ze goen.

D’Arméi feiert all Joer den 11. November de Schutzpatréiner vun den Zaldoten, den hellege Mäerten.