arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steve Thull: Och déi Lëtzebuerger Arméi muss op de "worst Case" preparéiert sinn

Arméi

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Steve Thull: Och déi Lëtzebuerger Arméi muss op de "worst Case" preparéiert sinn

Wann eng Arméi net op de schlëmmste Fall preparéiert wier, da géif eppes schiflafen, esou de Generol Steve Thull am 100,7-Interview. Dat géif net heeschen, datt et och zum Ëmsetzen dovu misst kommen.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow
Generol Steve Thull | © Ana Angel
Generol Steve Thull (Foto: Ana Angel)

An enger Demokratie géif d'Decisioun bei de Politiker:inne leien, esou den Arméischef. Trotzdeem misst d'Arméi sech gutt opstellen. An dat hätt déi Lëtzebuerger Arméi an de leschte Jore gemaach. 

Preparéiert sinn op een intensive Krich 

Haut wier ee vill méi drop fokusséiert, am Kader vun engem intensive Krich kënnen ze agéieren, esou de Steve Thull. 

"Dat war eppes, wat mi net esou am Fokus virdrunner haten, well mir do haaptsächlech expeditionär opgestallt war. Iwwregens war dat net nëmmen de Fall esou fir d'Lëtzebuerger Arméi, mee insgesamt, et ass esou gaange kleng Contingentë prett ze maachen, fir op Plazen, wou mir am Virfeld decidéiert hunn, fir dohinner ze goen, fir d'Leit dorobber ze preparéieren."

Eng aner Philosophie mécht sech breet 

D'Geforen, déi een do begéint hätt, wieren net déi vun engem gréissere Krich gewiescht, erkläert de Generol. Op deene Plaze wier een nämlech wëllkomm gewiescht. 

"An dat bedeit, datt mir haut eng ganz aner Philosophie hunn, datt mir vill méi robust Bewaffnung brauchen, datt mir a vill méi grouss Stéckzuele méi grouss Contingenten deployéieren. Et gëtt erëm vu Brigaden, Divisiounen a Corps d'Arméeë geschwat, wat virdrunner net méi de Fall war."

Dofir missten och hir Traininge vill méi intensiv duerchgeféiert ginn, esou de Steve Thull. 

Eng europäesch Arméi: Eng Utopie?

Eng europäesch Arméi wier fir de Lëtzebuerger Arméischef iwwerdeems déi verstännegst an déi logeschst Entscheedung. Trotzdeem schéngt et eng Utopie ze bleiwen. 

"Esou wéi mir constituéiert sinn, ass dat doten eppes, wat sech elo schwiereg gestallt. Ech denken awer, datt wann et, an dat ass genee dat, wou et drëms geet, fir ze evitéieren, wann d'Situatioun eng Kéier ganz elle gëtt, datt mir da méi séier dee richtege Courage hunn, fir d'Saachen nach méi schnell ze maachen." 

Déi national Egoisme géifen dacks am Wee stoen, esou de Steve Thull. Dat géif een ënner anerem bei zwee groussen europäesche Projete gesinn. Beispillsweis fir den europäesche "Fliger vun der Zukunft" géifen déi dräi concernéiert Länner, Däitschland, Frankräich a Spuenien, sech net eens ginn. 

"An deen anere grousse Projet, dat ass dee fir den nächste Panzer en place ze setzen, den MGCS Main Ground Combat System, wou dann och Dronen, Buedemdronen, mat derbäi solle sinn. An och do geet et net richteg no vir, well jiddwereen denkt, datt en e Stéck méi misst vum Kuch kréien." 

De Generol Steve Thull ass zënter September 2020 Chef vun der Lëtzebuerger Arméi. Am September dëst Joer geet hien an d'Pensioun. 

play_arrow Lauschteren