Dee lénks grénge Buergermeeschter vu Budapest Gergely Karacsony huet awer decidéiert d’Pride trotzdeem ze organiséieren. Op Facebook hat hie matgedeelt, datt hien als Buergermeeschter keng Erlabnis bräicht, et wier nämlech e Gemengenevent. Fir de Viktor Orban wier dëst awer net gesetzeskonform, well een eng Erlabnis vun der Police bräicht. Esou den ungaresche Premier. D’Police hätt d’Recht d’Versammlung opzeléisen, hie geet awer net dovunner aus datt dat geschitt. Esou nach de Viktor Orban.
Frieden kritiséiert Verbuet vun der Pride
An och de Lëtzebuerger Premier huet sech op eis Nofro um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel gëschter Owend zur Pride an Ungarn positionéiert.
D’Recht ze demonstréieren ass fundamental an allen Demokratien an d’Protektioun vu Minoritéite muss garantéiert ginn, seet de Luc Frieden.
Et wier fir hien absolut net akzeptabel, wann esou eng friddlech Demonstratioun ewéi d’Pride net erlaabt gëtt. Deemno wier et eng moralesch a juristesch Obligatioun all d‘Leit an enger Gesellschaft ze schützen an dofir ze suergen, datt hir Rechter assuréiert sinn, betount de Premier.