arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presidentschaftswalen a Portugal: Et kënnt zu enger Stéchwal

kee mat absoluter Majoritéit

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Presidentschaftswalen a Portugal: Et kënnt zu enger Stéchwal

Bei der Presidentewal a Portugal kënnt et wéi erwaart an dräi Wochen zu enger Stéchwal. Am éischten Tour gëschter krut kee Kandidat déi absolut Majoritéit. Eng Stéchwal gouf et a Portugal fir d'lescht 1986.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
E Walziedel fir d'Presidentschaftswalen 2026 a Portugal | © EPA/ANTONIO PEDRO SANTOS
E Walziedel fir d'Presidentschaftswalen 2026 a Portugal (Foto: EPA/ANTONIO PEDRO SANTOS)

Déi meescht Stëmme krut den António José Seguro vun der Sozialistescher Partei, mat 31 Prozent. Et ass dat bescht Resultat fir d'Sozialisten zënter 25 Joer. Deemols hate si 55 Prozent vun de Stëmme kritt.

De Chef vun der riets-extremer Chega-Partei, André Ventura, gouf zweeten, mat eppes méi wéi 23 Prozent vun de Stëmmen. Hie konnt ënner Anerem an der sozialistescher Héichbuerg Madeira 33 Prozent vun de Stëmme kréien. 

De fréiere Chef vun de Sozialdemokraten, Luís Marques Mendes, dee vun den aktuelle Regierungsparteien ënnerstëtzt gouf, krut iwwerdeems just 11 Prozent vun de Wielerstëmmen. 

Hien huet annoncéiert, kee vun de Kandidaten am zweeten Tour ze ënnerstëtzen. 

Éischt Reaktioune vun de Kandidaten fir d'Stéchwal um Sonndeg

A senger Ried um Sonndegowend huet de sozialistesche Kandidat Seguro "all Demokraten a progressiv Humanisten" opgeruff, sech him unzeschléissen a "géint den Extremismus ze gewannen."

Aschätzungen no huet de rietsextreme Kandidat vun der Chega, den André Ventura, kaum Chancen, Nofollger vum aktuelle President, dem konservative Marcelo Rebelo de Sousa ze ginn. Deen dierft no zwou Amtszäiten net méi fir d'Presidentschaftswalen untrieden.

Ee vun den Haaptziler vum Chega-Chef André Ventura ass et, déi an eegene Wieder "iwwerméisseg Awanderung" ze stoppen."Portugal gehéiert eis", sot hien. 

Et hätt ee sech géint de Kandidat vun der Regierung duerchsetze kënnen, sot hien a senger Ried um Sonndegowend. 

Iwwerdeems hätt een ee Walkampf “ouni perséinlech Diffamatioun a Beleidegunge gefouert”, esou nach de Ventura.

Rietspopulisten erliewen zënter e puer Joer Opschwong a Portugal 

D’Rietspopulisten hunn an de leschte Joren a Portugal ee rasanten Opstig erlieft. Nëmme sechs Joer nodeems Chega gegrënnt gouf, ass d’Partei zejoert zweetstäerkste Kraaft am Parlament ginn.

Den neie President soll den 9. Mäerz säin Amt untrieden.

play_arrow Lauschteren