arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wärend 3 Deeg laangem Streik eenegt d'Regierung sech op ee pluriannuelle Budget

Belsch

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wärend 3 Deeg laangem Streik eenegt d'Regierung sech op ee pluriannuelle Budget

No iwwer 20 Stonne laange Verhandlungen huet sech d’Regierung an der Belsch op ee Budget fir déi nächst Joere gëeenegt. Virgesi wieren ënner anerem Steiererhéijungen op Aktien a Fliigerbilljeeën.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg)

De Premierminister Bart De Wever hätt vun Aspuerungen an der Héicht vun 9,2 Milliarden Euro bis 2030 geschwat. 

Déi belsch Regierung huet gréisser Spuermesuren ugekënnegt, fir bis 2030 ronn 10 Milliarden Euro anzespueren. Dëst well d’Belsch als ee vun den héchste verschëlten EU-Länner massiv spuere muss, fir d’Scholde-Reegele vun der Europäescher Unioun z’erfëllen.

Eréischt am Oktober hate ronn 100.000 Mënsche géint déi geplangte Spuermesuren demonstréiert.

Parallel: Streik géint "sozialen Ofbau"

Haut um Méindeg huet iwwerdeems ee landeswäite Streik ugefaangen, deen dräi Deeg dauere soll. D’Gewerkschafte riichten sech dobäi géint d’Pläng vun der Regierung fir eng Rentereform a verschidde Spuermesuren. D’Gewerkschafte bezeechnen déi geplangte Reforme vum Premier Bart de Wever, als e sozialen Ofbau.

Muer um Dënschdeg sollen sech och d’Employéeën aus dem ëffentlechen Déngscht hir Aarbecht néierleeën, dorënner Mataarbechter aus de Schoulen, Crèchen, der Post, dem Gesondheetswiesen, dem ëffentlechen Transport an de Stied a souguer dem Ramassage vun de Poubellen.

Den Héichpunkt vum Streik dierft dann e Mëttwoch erreecht ginn. Do sollen sech och Gewerkschaften aus dem private Secteur dem Streik uschléissen. Op de grousse Fluchhäfe Charleroi an Zaventem soll keen eenzege kommerzielle Voll ukommen oder lassfléie kënnen.

play_arrow Lauschteren