Am Schreiwes heescht et, datt zënter Oktober Gespréicher tëschent der Direktioun, de Gewerkschaften a Regierungsvertrieder stattfannen.
Dat am Kader vum Comité de coordination sidérurgie en compositioun Tripartite.
Fir d‘Regierung huelen do dem Aarbechtsminister Marc Spautz an de Wirtschaftsminsiter Lex Delles deelt. Dee Modell géif och esou virugefouert ginn, heescht et am Communiqueé.
D‘Gewerkschaften hate wéinst der aktueller Situatioun bei ArcelorMittal eng Tripartite gefuerdert.