arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber: No Police-Rapport gëtt et Kritik un ze vill Repressioun vu Regierungssäit

National

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Chamber: No Police-Rapport gëtt et Kritik un ze vill Repressioun vu Regierungssäit

D'Oppositiounsparteien LSAP an déi gréng weise sech besuergt iwwer verschidden Entwécklungen an der Kriminalitéit zu Lëtzebuerg. Kritiséieren awer, datt d'Politik vum Minister Léon Gloden ze vill op Repressioun an net genuch op Gewaltpreventioun, besonnesch bei Jonken, ausgeriicht wier.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D‘Sécherheetspolitik vun der CSV-DP Regierung géif Friichten droen, sot den CSV Inneminister Léon Gloden gëschter Owend an der Chamberkommissioun fir Innepolitik.

Strofdote stagnéiere par Rapport zum Populatiounswuesstem 

De Minister an de Police-Generaldirekter Pascal Peters hunn do den Deputéierten de Police Aktivitéitsrapport 2025 virgestallt, dee scho moies virun der Press presentéiert gi war. Verschidden Oppositiounsdeputéiert hunn d‘Situatioun méi nuancéiert gesinn. D‘Statistike géifen nämlech weisen, datt d‘Gewaltbereetschaft zu Lëtzebuerg klëmmt, an dat misst engem Suerge maachen.

Et wier net alles perfekt, mee villes géif sech an déi richteg Richtung entwéckelen, sot dem Inneminister säi Parteikolleeg, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. 

"An duerfir kann ech eigentlech nëmmen de Minister an awer och ganz besonnesch d'Police nëmme luewen."

Hausse bei haislecher Gewalt an Iwwerfäll mat Gewalt

Den Aktivitéitsrapport vun der Police vum leschte Joer weist engersäits, d‘Gesamtzuel vu Strofdoten huet par Rapport zum Populatiounswuesstem stagnéiert. An et gouf Réckgäng, ënner anerem beim Vandalismus an den Attacken a Beleidegunge géintiwwer Polizisten.

Mee d‘Fäll vun haislecher Gewalt sinn 10 Prozent geklommen, an d‘Iwwerfäll mat Gewalt esou guer ëm 30 Prozent. Dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana géif dat weisen, datt d'Gewaltbereetschaft generell awer zouhëlt.

Et bräicht een eng ganz Rei un "Usätz", fir deem entgéintzewierken, esou den Deputéierte vun de Sozialisten. Mee Repressioun wier hei net dee richtege Wee. Et misst ee mat "staarke" Preventiouns- a soziale Mesurë schaffen, ugefaangen an de Schoulen. 

Preventioun amplaz Repressioun 

Och de gréngen Oppositiounsdeputéierte Meris Sehovic mécht sech Suergen, well een einfach mierke géif, datt Gewaltbereetschaft am schouleschen Ëmfeld ëmmer méi present ass. Dem Leon Gloden seng Police-Politik géif ze vill op Repressioun an net genuch op Gewaltpreventioun setzen.

"Do ass et wichteg, datt eeben eng Zesummenaarbecht ass, eng geziilten Zesummenaarbecht ass, engersäits mat den Acteuren, mat de schouleschen Acteuren, mat den Enseignanten, mat den Direktiounen, dann natierlech awer och mat sozialen Acteuren. An do feelt mir e bëssen eng kohärent Strategie."

Eng aner Kritik koum nach emol vum Oppositiouns-Deputéierten Tom Weidig vun der ADR. Hien huet seng Fuerderung widderholl, datt d‘Nationalitéit vun Täter a Verdächtege systematesch an de Police-Statistike misst erfaasst ginn. 

"Datt d'Bierger haut dobausse gesinn, wat elo den Täterprofil ass."

Dat hat de Leon Gloden awer schonn an der Vergaangenheet als "Populismus" ofgeleent. 

play_arrow Lauschteren