Dee Streik vun de Chaufferen hätt nëmmen zum Deel geklappt, wëll eng Rei Chaufferen Drock gemaach kruten.
Offiziell schaffen déi meescht Livreure bei Wolt als Independant a kréien iwwert d’Plattform hir Opträg, ginn op Kommissioun an also op Demande bezuelt.
Beim Streik hätten eng Rei Chaufferen Drock gemaach kritt, andeems hinne vun den Optraggeber vu Wolt gesot gi wier si géifen hire Kont gespaart kréien, falls se weider streike géingen, erkläert de Ryan deen zënter iwwert 2 Joer fir Wolt schafft.
"La plupart des gens qu'ils ont su, (...) ils étaient solidaires, ils ont arrêté le travail, ils étaient avec nous, jusqu'à ce que les sous-traitants ont appelé leur personnel de ne pas se mettre en grève, parce que sinon ils vont leurs enlever les comptes et tout ça. Au début, on était tous solidaires les livreurs qui travaillaient pour ces entreprises, soit les indépendants, mais après le soir, donc ces gens-là, ils n’ont pas voulu que leur livreur reste avec nous, donc ils ont saboté ça, et ils ont même enlevé le compte d'une personne qui travaille en ville."
Wolt ass net méi sou lukrativ fir d'Livreuren
Am Ufank wou d’Liwwerplattform Wolt sech zu Lëtzebuerg installéiert huet, wieren d’Konditioune gutt gewiescht, verschidden Independanten hätte pro Mount kënne bis op 8.000 Euro un Ëmsaz maachen, mee mat där neier Tarifikatioun hätt de Ryan vill manner Akommes. Rezent sinn et pro Dag 50 Euro fir 12 Stonnen Asazbereetschaft. Dat ass och de Fall fir de Paul.
"Quand j‘ai commencé à travailler, au début, ç‘était bien, mais après quelques mois, tous les prix ont été diminués et on n'arrive pas à travailler et aussi à être assuré pour payer les cotisations et taxes légales, tout ce qui est CNS, TVA."
Aus deem Grond misst hien da 7 Deeg d’Woch schaffen. D'Livreure sinn dacks mat hirem eegene Gefier ënnerwee, an d’Firma kënnt am Fall vun engem Accident oder bei Krankheetsfäll net dofir op.
Wat revendiquéieren d'Livreure vun der Politik?
Kloer nei Reegele fir déi Aarbecht, betount de Ryan. Besser a méi legal Aarbechtskonditiounen.
D’Chaufferen hu sech iwwerdeems an enger Whatsappgrupp organiséiert a wäerten een Dënschdeg ee Rendez-vous mat der Gewerkschaft OGBL hu fir iwwert hir Situatioun ze diskutéieren.