arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Sanktioune fir TICE-Mataarbechter, déi u Protestpiquet deelgeholl hunn

Aarbechtswelt

|
reading time

1 min

Keng Sanktioune fir TICE-Mataarbechter, déi u Protestpiquet deelgeholl hunn

No enger méintelaanger Prozedur gouf et um Enn keng Sanktioune géint déi siwe Mataarbechter vum Bussyndikat TICE, déi am Septemer zejoert un engem Protestpiquet deelgeholl hunn.

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Wéi d'Syndikat haut schreift, wier ee vun Ufank un iwwerzeegt gewiescht, datt déi Leit just dat gemaach hätten, wat hir Virgesaten hinne gesot hätten. Trotzdeem wier eng Disziplinarprozedur lancéiert ginn. 

Wärend der Zäit wieren déi concernéiert Mataarbechter psychologeschem Drock ausgesat gewiescht, esou d'Delegatioun, déi hei ee Muster gesäit. Si verlaangt elo eng Entschëllegung, eng Iwwerpréiwung vun der Disziplinarpolitik an ee Retour zum Sozialdialog.