arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord ënnerschriwen: Union des Livreurs du Luxembourg gehéiert vun elo un zum OGBL

Aarbecht

|
reading time

3 min

Accord ënnerschriwen: Union des Livreurs du Luxembourg gehéiert vun elo un zum OGBL

Een deementspriechende Kooperatiouns- an Integratiouns-Accord gouf vu béide Säiten zu Bouneweg ënnerschriwwen. D’Union des Livreurs du Luxembourg, déi aktuell eng 200 Memberen huet, war als ad hoc Associatioun vun Iessens-Livreure selwer gegrënnt ginn, déi fir digital Plattformen aktiv sinn.

reading time

3 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

D’Gewerkschaft kritiséiert, datt et ganz schlëmm Aarbechtsconditioune ginn, vill kriminell Energie am Secteur, a Mënsche mat Migratiounshannergrond zum Deel wéi Sklave géife behandelt ginn.

D’Vertrieder vun der Unioun vun de Livreuren a vum OGBL hunn déi schlecht Aarbechtsconditioune kritiséiert. An der ganz grousser Majoritéit wieren d’Livreure Mënsche mat Migratiounshannergrond, déi nach net laang hei am Land sinn, esou den David Angel vum OGBL.

"Et si wierklech déi prekäerste Leit aus der Gesellschaft iwwerhaapt, déi op deene Plattforme schaffen an déi do wierklech bis op d’Äusserst ausgebeut ginn."

Mafiéis Methoden

Am Secteur géif dacks mat Sous-traitancë geschafft ginn, huet den David Angel kritiséiert: Et géifen dobäi kriminell a mafiéis Methode ginn...

"Do gi Leit an de Flüchtlingsstrukturen ugeworben. Da kréie se gesot du däerfs hei elo fir eis schaffen, mee du drécks awer 35, 40, 50 Prozent vun deem wat s du hei erwirtschafts un eis of, fir datt mer der de Kont iwwerhaapt zur Verfügung stellen. Et gëtt mat Drock geschafft, et gëtt mat Menacë geschafft, mat ganz vill krimineller Energie gëtt do geschafft."

Schaffdeeg vu bis zu 15 Stonnen

Den OGBL wéilt de Modell bekämpfen, vu Plattformen, déi op der Ausbeutung vu Leit beroue géif. De Livreur a Matgrënner vun der ULL Aymen Alibi.

"Exploitatioun däerf net toleréiert ginn. Vulnerabel Aarbechter musse geschützt ginn."

Een anere Grënner an och Livreur, den Dhia El Gafsi huet op der gemeinsamer Pressekonferenz kritiséiert, datt d’Schaffzäiten am Secteur däitlech geklomme wieren.

"Ces plateformes, ils engagent des personnes pour les abuser de 15 heures par jour de travail jusqu'à même plus de 15 heures."

Livreure selwer wéissten am beschte Bescheed

Elo ass d’ULL also Deel vum OGBL ginn, huet de Member vum Exekutivbüro vun der Gewerkschaft David Angel erkläert. 

"D'Iddi ass, datt d'Livreuren an den OGBL kommen, awer eng eege Struktur am OGBL hunn, wat hir ULL ass, déi si selwer gegrënnt hunn. Déi Struktur soll och hir Autonomie behalen, well mir wëllen, datt et si selwer sinn, déi iwwer hir Bedéngunge schwätzen." 

Den OGBL wier der Meenung, datt si et sinn, déi am beschten iwwer hir Bedéngunge Bescheed wëssen a wat fir si richteg ass, esou den David Angel. 

"Mee, datt si awer gläichzäiteg op den Knowhow an op d'Strukture vun der Gewerkschaft kënnen zeréckgräifen. Dat ass d'Iddi an den État d'esprit vun deem, wat mir elo déi lescht Wochen a Méint gemaach hunn." 

Den OGBL schätzt, datt hei am Land am Total iwwer 2.000 Livreuren aktiv sinn.