Beim CPTE gouf et een Duerchbroch bei der Plattformaarbecht, an domadder och fir d’Leit, déi iwwer Internet-Plattformen Iessen ausliwweren.
Konkreet geet et dobäi ëm d’Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv aus dem Dezember 2024, déi eigentlech all Memberland bis den 2. Dezember dëst Joer misst ëmgesat hunn. Besonnesch d’Gewerkschaften haten ëmmer nees drop gepocht, datt ee Livreuren misst gesetzlech besser schützen. Livreuren gëllen als Independant, de Gewerkschafte no wieren si awer Salariéen, déi net vun deem Status géife profitéieren.
Offiziell gewerkschaftlech Vertriedung
Zu de Plattformaarbechter gehéiere beispillsweis Livreuren vu bekannten Internetplattformen, wou ee kann Iesse bestellen. Déi misst een onbedéngt schützen, fënnt den LCGB-President Patrick Dury.
“Et geet eis ëm déi Leit, déi a Wierklechkeet e Faux-indépendant sinn, déi also enger Tätegkeet nogi wéi zum Beispill déi Livreuren um Vëlo, déi een da gesäit an deene Gesellschaften an déi an eisen Aen an de Salariatsverhältnis gehéieren."
D'Livreuren misste sozial verséchert ginn, si missten een Aarbechtskontrakt kréien an domat och de Mindestloun verdéngen, seet de Patrick Dury.
Am Gesetz soll ënner anerem festgehalen ginn, datt d’Gewerkschaften déi concernéiert Leit vertriede kënnen.
D'Livreuren haten sech scho selwer zesumme gedoen, an d’Union des Livreurs du Luxembourg (ULL) gegrënnt. Virun zwou Wochen hat d'ULL ee Kontrakt mam Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL ënnerschriwwen, an ass zënter hier do affiliéiert. D'ULL huet dem leschte Stand no eng 200 Memberen.
Gesetz soll op den Instanzewee
Iwwerdeems gesäit de Gesetzesprojet vir, datt an d’Zukunft d’Aaarbechts- an net méi d’Verwaltungsgeriicht a Froen zum Statut vun de Plattformaarbechter soll tranchéieren. Do géifen esou Prozeduren nämlech méi séier virugoen, erkläert den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV).
“Beim Droit du travail am Aarbechtsgeriicht, dat geet normalerweis méi séier, well wa mer géifen op d'Verwaltungsgeriicht goen, da sinn der scho vill an der Pensioun, ier e Jugement do ass.”
Eng Garantie, datt Livreuren duerch dat neit Gesetz besser Konditioune kréien gëtt et net, an awer hätt een dëser Propos net wëllen am Wee stoe seet d’OGBL-Presidentin Nora Back.
“All Dag, wou dat hei méi laang dauert, ass en Dag, wou Livreuren do ënner onméigleche Konditiounen, net ugemellt, net ofgeséchert hire Job musse maachen.”
Et misst zwar nach u puer Detailer vum Text gefeilt ginn, mee et wier een an de leschten Zich, fir dee Projet am Konsens kënnen unzehuelen, esou nach d’Nora Back. Déi entspriechend EU-Direktiv muss eigentlech bis den 02. Dezember an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Den Text soll bis dohinner op den Instanzewee bruecht ginn, esou d'Annonce haut nom CPTE.
D’Partei déi Lénk hat ufanks dës Joers schonn eng Gesetzespropos zur Plattformaarbecht op den Dësch geluecht.
Schlecht Aarbechtskonditiounen
D'Unioun vun de Livreuren a Vertrieder vum OGBL hunn déi schlecht Aarbechtskonditioune vun de Livreuren ëmmer nees kritiséiert. An der ganz grousser Majoritéit wieren d’Livreure Mënsche mat Migratiounshannergrond, déi nach net laang hei am Land sinn.
D'Aarbechtskonditiounen géifen un modern Sklaverei erënneren, esou d'Kritik vun der ULL an dem OGBL.