Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Postkarten aus Indien: Mam Sanjay ënnerwee

Post vum Guy

Postkarten aus Indien: Mam Sanjay ënnerwee

De Schrëftsteller Guy Helminger ass mat sengem Chauffeur Sanjay ënnerwee duerch Rajasthan an op der Sich no Gléck. Bei esou ville Gottheeten a Méiglechkeeten ëm hir Gonscht ze biedelen, schéint dat eng liicht Aufgab ze sinn. Mee net all Affer-Ritual gëtt belount. Heiansdo stellt sech d‘Liewen einfach queesch.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

© Guy Helminger play_arrow
(Foto: Guy Helminger)

Nodeems ech den Himalaya am Norde vun Nepal hannert mer gelooss an am Süden den Dschungel duerchsträift hat, mam Jeep, zu Fouss an och mam Kanu. Nodeems mer een Nashorn no dem aneren iwwer de Wee gelaf war, Afe mech ugezischt haten, ech soll oppasse, wat ech maachen, a Krokodiller sech laanscht d’Ufer gesonnt haten, wéi wann ech net do wier, sinn ech mam Sanjay duerch  Rajasthan an Nordindie gejabelt.

300 Millioune Gëtter

De Sanjay kënnt aus enger Bauerefamill, huet Englesch duerch Touriste geléiert, kann et awer net liesen – meng Whatsapp-Noriichten hunn ech ëmmer missen an den Apparat schwätzen an net schreiwen – an: hien ass e ganz reliéise Mann. Koum laanscht keen Tempel, ouni d’Steierrad lasszeloossen, sech ze vernäipen an d’Hänn kuerz op d’Gesiicht ze leeën. Well an Indien iwwer 300 Millioune Gëtter liewen an déi natierlech iergendwou wunnen, also all en Tempel hunn, hat de Sanjay wärend dem Fuere vill Oflenkung.

Op den Autobunnen, wou ee just mat 80 däerf fueren, well d’Kéi engem entgéint kommen, war dat kee Problem, mee an de Stied, wou op der Strooss méi oder manner d’Recht vum Stäerkste gëllt, ass hien an d’Schweesse komm. Geflucht huet hien awer rar. Wann ech selwer hätt misste fueren, ech hätt d’Leit Schëmmel a Bless vernannt.

„Gléck“ war eent vun den Haaptwierder, wat eis op eiser Rees begleet huet. Blummen ze afferen oder e bësse Räis huet Gléck bruecht, awer och bestëmmte Saachen unzepaken, Käerzen unzefänken, jee, et si vill Méiglechkeete ginn.

Vill Méiglechkeete säi Liewen ze verbëtzen

Dofir houng d’Stëmmung och schif, wéi mer zu Mandawa ukoumen an direkt eng Begriefnisprozessioun gesinn hunn. Well déi huet definitiv kee Gléck bruecht. De Sanjay huet näischt gesot, mech awer ugekuckt, wéi wann e wëllt soen: „Soll ech mech esou an där getäuscht hunn?“

Des Enttäuschung vu mengem Chauffeur hat ech awer schnell vergiess, wéi se mech fënnef Minutten drop am Hotel fir e Generol gehalen hunn. Grad mech. Ech hu mech gewiert, mee den Hiweis, ech wier Schrëftsteller, huet de Leit just e konspiratiivt Schmunzelen an d'Gesiicht gedriwwen.

Ech wousst, datt vill jonk Borschten hei aus der Géigend e Faibel fir d’Arméi hunn an de Wee vun enger Militärskarriär aschloen, mee mech, nëmme well ech grouss sinn, direkt an hirt Schema ze integréieren, ass mer e bëssche wäit gaangen. Et gi jo awer nach aner Méiglechkeeten, säi Liewen ze verbëtzen. Zum Beispill ass 300 km nërdlech vu Mandawa de Mittal gebuer. Bon, op deem seng Karriär elo méi bei mech gepasst hätt, sief mol dohigestallt. Jiddwerfalls sinn ech deen Dag de Generol net méi lass ginn.

D'helleg Rate vun Deshnok

Den anere Moien hunn ech beim Sanjay, wéi mer an den Auto geklomme sinn, nach ëmmer eng gewëssen Distanz gespuert. Onglécklecherweis hu mer, just wéi mer wollte lassfueren, direkt erëm eng Begriefnesprozessioun gesinn, an de Sanjay ass bleech ginn.

Ech sot: „Et ass net meng Schold“.

Et sollt e Witz sinn, mee de Sanjay huet geäntwert, dat Bescht wier wuel, mer géife mol en Tempel besichen.

Ech hat näischt dergéint an hu virgeschloen, op Deshnok ze fueren, wou de Ratentempel ass. Do wollt ech hin, zanter ech dem Georges Hausemer säi Buch „Die heiligen Ratten von Deshnok“ gelies hat.

Dat géif awer dräi an eng hallef Stonn daueren, sot de Sanjay. Bis dohi kéint vill passéieren. Mee well de Karni-Mata-Tempel e ganz besonneschen ass, huet hie sech schlussendlech averstanen erkläert.

De Kapp vum Ganesha an d'Jongfra Maria

Um Wee dohin huet de Sanjay erzielt, dat de Ganesha entstane wier, well de Gott Shiva engem Bouf, dee seng Fra Parvati grad aus Leem gebastelt hat an dee sollt oppassen, dat keen an d’Haus kënnt, wärend si an der Dusch ass, de Kapp erof gehaen hätt. Wou e gemierkt hätt, datt hien de Bouf vu senger Fra ëmbruecht hat, hätt hien de Kapp vun engem Elefant op de Kierper gesat.

Et voilà: d’Gottheet Ganesha war fäerdeg. Ech hunn dunn erzielt, datt d’Maria Mamm ginn a Jongfra bliwwen ass.

Dat konnt de Sanjay awer net esou richteg gleewen.

D'wäiss Rat: de Sechser am Lotto

No weideren, tatsachebaséierte Geschichte stoung ech e puer Stonne méi spéit ouni Schong a Strëmp tëschent dausende Raten. D’Leit hunn hinnen Iesse bruecht, an an all Eck gestalt. D’Déiercher souze wierklech iwwerall, um Buedem, um Rand vun der Schossel fir d’Mëllech ze drénken, op Leitungen, déi op Kapphéicht verlaf sinn, op de Klensche vun den Dieren.

D’Pilger hu sech virun de Rate vernäipt a Räucherstäbecher ugefaangen. An all hu se gehofft, déi eenzeg wäiss Rat ze entdecken, déi hei tëscht deenen anere lieft.

Wéi et den Zoufall wollt, ass se mir no enger hallwer Stonn iwwer de Wee gelaf an ech hu versicht, se ze fotograféieren. D’Bild ass verwackelt, mee wou ech dem Sanjay d’Foto um Apparat gewisen hunn, huet hie gestraalt, wéi wann dat e Sechser am Lotto wier a sot: „Ech wousst et!“

Vun do un, hu mer och keng Begriefnisprozessioun méi begéint. An an de Sanjay an ech ware voller Gléck.

Lauschterenplay_arrow