Ganz optimistesch huet den LCGB-President Patrick Dury op d’Resultater vun de Sozialwale gekuckt.
“D’Stëmmung, wann Dir hei an de Sall kuckt, déi ass gutt, déi ass flott. An ech mengen, wann ee vill geschafft huet, kritt een och e Resultat.”
Majoritéit bei CFL Multimodial
Lues a lues koumen déi eragedrëpst. A ville Betriber hat den LCGB seng Majoritéit verdeedegt, oder nei iwwerholl. An anere goung se verluer. Insgesamt war de Pressespriecher Christophe Knebeler awer positiv gestëmmt.
“Mir hunn déi éischt Resultater, déi mir am Bau kruten, déi sinn alleguerte positiv. Mir hunn do entweder nei Betriber, wou mir erakomm sinn, oder Majoritéiten, déi mir kruten, déi mir virdrun net haten.”
Am Botzsecteur war d’Gewerkschaft mat duebel esou vill Kandidaten ugetruede wéi 2019, an och do waren déi éischt Resultater alleguer positiv, esou de Christophe Knebeler.
An eng éischte Kéier iwwerhëlt den LCGB d’Majoritéit fir den CFL-Frachtberäich, also CFL Multimodal a Cargo. De Paul Glouchitski, Gewerkschaftssekretär fir ënnert anerem den Transportsecteur, schwätzt vun engem historesche Resultat. Domat wäert de chrëschtleche Gewerkschaftsbond och den Toun ugi bei de Verhandlunge fir d’Kollektivverträg.
“Et nous allons bien entendus préparer un cahier de revendications en conséquence pour essayer d’améliorer les conditions de travail et salariales de tous les salariés.”
Manner Sëtz bei LuxTP a Liberty Steel
Eng Rëtsch Defaitë gouf et awer och: An der Constructioun huet den LCGB beispillsweis ganzer véier Sëtz bei der Firma LuxTP verluer, do huet den OGBL d’Majoritéit iwwerholl. Och bei Liberty Steel vun Diddeleng wäert an Zukunft den onofhängege Gewerkschaftsbond fiederféierend sinn. D’Onsécherheete ronderëm d’Zukunft vum fréieren Arcelor Mittal-Wierk sinn immens grouss. Dat gesäit de Gewerkschaftssekretär fir de Stolsecteur Robert Fornieri och als een Deel vun der Erklärung fir dës Defaite.
"Il y a un climat, une ambiance très complexe, très difficile au sein de l’entreprise. Il y a toujours la moitié du personnel qui n’est pas présente au quotidien, l’effectif a diminué d’une manière assez désastreuse. Sans vouloir maintenant chercher des excuses, ce sont des faits."
Alles an allem hunn d’Vertrieder vum LCGB sech gëschter Owend awer an hirer Positioun gestäerkt gefillt.