Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yard Act - Dream Job

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police huet presuméierten Täter zu Arel festgeholl

Nodeems op ee Mann geschoss gouf

Police huet presuméierten Täter zu Arel festgeholl

De presuméierten Täter, deen de 5. Dezember an der Stad an der rue Fort Neipperg op e Mann geschoss hat, gouf festgeholl. Dat huet de Parquet gëschter Owend matgedeelt.

auto_stories

1 min

Bei der Persoun soll et sech ëm en 23 Joer ale Mann handelen. Informatioune vum Lëtzebuerger Wort no géif d‘Dot am Zesummenhang mat Drogenhandel stoen.

Hie gouf zu Arel an der Nuecht op den 13. Dezember festgeholl. Hie wäert hei zu Lëtzebuerg viru Geriicht kommen esou de Parquet.