Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Two Door Cinema Club - What You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altkanzler Schröder mat Burnout an der Klinik

Emotional net belaaschtbar

Altkanzler Schröder mat Burnout an der Klinik

De fréieren däitsche Bundeskanzler Gerhard Schröder gëtt an enger Klinik wéinst engem Burnout behandelt. Den 80 Joer alen Ex-Politiker wier erschöpft an ouni Energie, heescht et. Donieft wier hien emotional net belaaschtbar.

auto_stories

1 min

De fréieren däitsche Bundeskanzler Gerhard Schröder. | © picture alliance / Chris Emil Janßen
De fréieren däitsche Bundeskanzler Gerhard Schröder. (Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen)

De Gerhard Schröder stoung wéinst senger Putin-frëndlecher Haltung laang an der Kritik. Politesch hat hie sech domadder an Däitschland isoléiert.

Mëtt Januar hat de Gerhard Schröder schonn aus gesondheetleche Grënn net kënne virun enger Enquêtëkommissioun aussoen. Do goung et ëm de Bau vun der Gaspipeline Nordstream 2.