Claire Barthelemy (London)
E Freideg war de 5. Anniversaire vum Brexit. Mee hei a Groussbritannien huet een dovun eigentlech net vill matkritt. Gefeiert gouf net an déi Parteien, déi fir den EU-Austrëtt waren, hu keng grouss Deklaratioune gemaach. E Spriecher vun der Labour-Regierung sot den Zeitunge just, et wéilt ee lo no vir kucken.
Relatioun mat der EU steet am Vierdergrond
An dorop wäert de Keir Starmer sech och haut konzentréieren, wann hie mam Olaf Scholz am Chequers, dem offizielle Landsëtz vum Premier, fir Mëtteg ësst. Et wäert hei ëm d’Kricher an der Ukrain an am Mëttleren Oste goen, mee och ëm d’Relatioun tëscht Groussbritannien an der EU.
De brittesche Premier well dës nämlech nei opbauen, ouni awer de Brexit réckgängeg ze maachen. Bréissel wäert sech awer dann och brittesch Kompromësser erwaarden. Et gouf zum Beispill riets vun engem Jugendmobilitéitsprogramm, deen et jonke Leit erméigleche géing, fir 4 Joer laang an der EU oder Groussbritannien ze schaffen an ze studéieren. Mee a Groussbritannie klengt dat ze vill no europäescher Beweegungsfräiheet, wat jo vill Brexitwieler un der EU gesteiert hat. Groussbritannien huet dofir sou engem Programm bis elo nach net zougesot.
Déi brittesch Wirtschaft awer muss dringend ugekuerbelt ginn. Den EU-Austrëtt huet dem Land bis elo 4 Prozent Wirtschaftswuesstem kascht, sou den Office for Budget-Responsibility.
Däitschland als wichtege Partner
Däitschland ass de gréissten europäeschen Handelspartner vu Groussbritannien, an dofir mécht et Sënn, datt de Keir Starmer sech fir säin EU-Reset als éischt op den Olaf Scholz konzentréiert. Wei d’Relatioun mat Däitschland no de Bundestagswalen a knapp dräi Woche weidergeet, bleift ofzewaarden.
Dem Keir Starmer seng Efforte mat der EU ginn awer weider: Muer um Méindeg trëfft hien sech mat europäesche Leader zu Bréissel, wou et ëm ee Sécherheetsofkommes goe sol, an am Fréijoer ass ee Sommet tëscht Groussbritannien an der EU geplangt.