Dee sougenannte Plaidoyer Social dee fréier d‘Caritas gemaach huet, gouf nom Caritas-Bedruchsskandal vun 61 Milliounen Euro vun der FEDAS (dem Daachverband vun den Déngschtleeschter am soziale Secteur) iwwerholl.
D‘FEDAS huet zwee Mataarbechter agestallt fir um Plaidoyer social ze schaffen. Den designéierte Spriecher fir de Plaidoyer social bei der FEDAS ass de Verwaltungsrotsmember Raoul Schaaf.
Am Interview sot hien d‘FEDAS bräicht déi néideg Zäit, fir de Plaidoyer social richteg ze lancéieren - de Verwaltungsrot hätt awer scho prioritär Sujete festgehalen, zum Beispill den Décrochage scolaire, e Sujet iwwer deen de Plaidoyer Social vun der FEDAS och schonn e Pressecommuniqué erausgeschéckt hat.
"Bis 2030 kee méi op der Strooss" - dat kéint knapp ginn
Wat weider prioritär Sujete fir de Plaidoyer social vun der FEDAS ugeet, huet de Raoul Schaaf betount: Et wier prinzipiell wichteg, datt d‘FEDAS vun der Politik weider als Daachverband bei relevante Sujeten a Froe matabezu gëtt.
“Ma zum Beispill war dat, wat mir elo och als méi aktuellen Theema gekuckt hunn, war jo dat vun de Strukturen, vun de Wunnengsstrukturen, op där enger Säit fir Leit, déi op der Strooss sinn, op där anerer Säit fir Leit, déi Beneficiaire vun der Protection internationale sinn och dat hänkt alles ganz enk mam Logement zesummen”
Lëtzebuerg hätt och een Dokument mat ënnerschriwwe fir ze soen, datt 2030 kee Mënsch méi op der Strooss misst liewen. Dat kéint knapp ginn, mengt de Raoul Schaaf.