Codic war am Grand-Duché ënnert anerem fir de Prestigeprojet Royal-Hamilius am Stadzentrum zoustänneg, deen Enn 2019 inauguréiert gi war. Elo ass d’Entwécklungsgesellschaft faillite. D’Bezierksgeriicht Lëtzebuerg huet leschte Mëttwoch déi entspriechend Prozedur fir Codic Luxembourg an zwou Schwëstergesellschafte lancéiert.
Projet Cloche d’Or: Gesamtfläch vu 53.000 m2
Bei Codic Luxembourg handelt et sech em eng Filial vum belsche Groupe Codic international, dee laut Medieberichter schonn 2024 a finanziell Schwieregkeete gerode war.
Zu Lëtzebuerg hat d’Gesellschaft hire leschte grousse Projet mam Numm Botanica op der Cloche d’Or eréischt am November 2024 an der Präsenz un der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Innenminister Léon Gloden bei engem éischte Spuedestéch feierlech lancéiert. Mee dono war op dem Chantier méintelaang näischt méi geschitt. Dat hat virgule.lu gemellt.
Mammutprojet Royal-Hamilius
Am Februar lo huet d’ Fongegesellschaft Verona Development matgedeelt, datt si de Projet Botanica via e Konsortium vu féierenden Investoren iwwerhëlt, woubäi d’Firma LuxRed d’Bauherrschaft iwwerdroe kritt huet.
Op dem Terrain op der Cloche d’Or soll e sougenannten “Office resort” mat enger Gesamtfläch vu ronn 53.000 Meter Carré entstoen. Virgesi sinn am Ganzen néng Gebaier mat Büroen, engem Hotel, Restauranten, Butteker an engem Park.
Nieft dem Mammutprojet Royal-Hamilius huet Codic zu Lëtzebuerg ënner anerem d’ Bürosprojeten K2 um Kierchbierg an Altitude zu Leideleng realiséiert.