D’Tageblatt hat virun zwee Deeg an engem Artikel d’Realitéit vun zwee Locatairen zu Weimeschkierch an der Stad retracéiert, déi eng Wunneng ouni Stroum, Heizung, oder waarmt Waasser lounen. Keen Eenzelfall, mengt d’DP-Politikerin Corinne Cahen.
"Mir hu reegelméisseg där dote Geschichten. Mir hunn och dräi Leit, déi sech drëms këmmeren, an der Stad Lëtzebuerg. Si ware schonn am Januar dëst Joer do. Si hunn dunn dem Proprietär, respektiv deem, deen déi Zëmmere verlount, eng Mise en demeure geschéckt. Dat heescht, si hunn him geschriwwen, hie missten sech en Conformitéit setzen. E krut dunn Enn August nach eng Kéier e Rappell. Mee dat schéngt e bësse méi eng komplizéiert Geschicht ze sinn."
Dee Mann, deen och Locataire gewiescht wier, wier verschwonnen, esou d'Corinne Cahen. Iwwer hie wieren awer d'Compteure gelaf.
"Mee et mécht mech all Kéiers ëmmer nees rosen, well ech ëmmer fannen, do muss och de Proprietär vum Gebai seng Responsabilitéit iwwerhuelen."
Zënter 2010 wiere 17 Wunngebaier an der Stad zougemaach ginn, esou d’DP-Politikerin Corinne Cahen. Datt net appropriéiert Wunnengen an d’Locatioun ginn, wier net méi just ee Problem an der Stad, mee iwwerall am Land, esou hir Aschätzung.
Als Mesure fir dogéint virzegoe soll ee Label miwweléiert Zëmmeren, déi an engem gudden Zoustand sinn, auszeechnen.