arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hätt de Staat kënne vill méi Wunnraum schafe wann e seng Depensen anescht geréiert hätt?

Logement

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Hätt de Staat kënne vill méi Wunnraum schafe wann e seng Depensen anescht geréiert hätt?

De Lëtzebuerger Staat hätt mat senger Logementspolitik zéngdausende Menagë méi kënnen ënnerbréngen, hätt een d’Depensen dofir anescht investéiert. Zu där Conclusioun kommen den Antoine Paccoud vum LISER an de Michel-Edouard Ruben an engem gemeinsame Pabeier, dee si verfaasst hunn.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Dee Pabeier hunn déi zwee Männer an hirem eegene Numm verfaasst. Si hunn all d’Depensen aus de Joren 2010 bis 2024 zesummegedroen, déi vun ëffentlecher Hand fir de Logement gemaach goufen. An där Zäit huet de Lëtzebuerger Staat 10,5 Milliarden Euro fir d’Logementspolitik ausginn. Dovun huet awer net jiddereen d’selwecht vill profitéiert. 

Virun allem Gelder, déi fir steierlech Virdeeler ausgi ginn an déi fir jidderee spillen, hätten anescht kënnen investéiert ginn, huet den Antoine Paccoud am 100,7-Interview erkläert.

“Et si on met ça vraiment sur l'ensemble des ménages, c'est comme ça qu'on arrive à des montants si énormes, 3 milliards, 2 milliards, TVA logement, Bëllegen Akt, c'est vraiment des montants faramineux. Et quand on pense que cet argent aurait pu, d'un autre côté, être utilisé pour acheter des terrains, pour acheter des logements, enfin qui auraient pu rentrer dans le stock public et y rester, donc devenir vraiment une propriété, ça aurait été de l'argent qui aurait été investi, de manière plus pérenne, plus efficace et qui aurait permis de répondre de manière plus ciblée aux besoins des personnes qui souffrent le plus sur le marché du logement.” 

Vun deenen 10,5 Milliarden Euro maache steierlech Mesure ronn 80 Prozent aus. Vun deene Mesure géifen awer déi Leit, déi wierklech a schwierege Logementssituatioune liewen, net profitéieren. Dat erkläert den Antoine Paccoud, deen a sengem eegenen Numm geschwat huet.

Lauschtert hei de ganzen Interview

play_arrow Lauschteren