arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: Roserei vu Gewerkschaften hätt sech bestäteg, mee bereet fir Tripartite

National

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Nora Back: Roserei vu Gewerkschaften hätt sech bestäteg, mee bereet fir Tripartite

No der Regierung hirer Decisioun fir de Mindestloun, nieft Ajustement an Index-Tranche, net strukturell unzepassen, ass d‘Gewerkschaftsunioun am gaang ze mobiliséieren. Hir Roserei hätt sech net geluecht, an den 1. Mee, um Dag vun der Aarbecht, géifen d‘Gewerkschaften Aktiounen annoncéieren.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Den DP-Wirtschaftsminister an den CSV-Aarbechtsminister haten de Freideg am Numm vun der Regierung bekannt ginn, datt de Mindestloun nieft der automatescher Indexéierung an dem Ajustement net weider eropgesat géif ginn. D'Gewerkschafte waren domat alles anescht wéi zefridden.

D'Roserei vun de Gewerkschaften hätt sech och nom Weekend net geluecht, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back am Numm vum der Union syndicale. Am Géigendeel: No diversen Interviewe vun den Ministere Delles a Spautz an der Press, hätt sech hir Roserei bestätegt.

EU-Direktiv géif dezente Mindestloun fuerderen

Op d'Fro, ob ee sech keng weider Hausse vum Mindestloun an der aktuell schwiereger wirtschaftlecher Situatioun, net erwaart hätt, sot d'OGBL-Presidentin Nora Back, et wier ee vun Natur aus optimistesch.

"An et ass jo awer och elo net esou, wéi wann déi Fuerderung vu gëschter wier."

D'Gewerkschafte géife schonn iwwer zéng Joer eng substantiell Erhéijung vum Mindestloun fuerderen. Dat wier bis dato net geschitt. A vue datt elo och eng EU-Direktiv fuerdert, datt de Mindestloun gehéicht gëtt, hätte si sech an hirer Fuerderung confirméiert gesinn. 

Et wier een och enttäuscht vum Aarbechtsminister, deen an de leschte Wochen ëmmer nees betount hätt, op déi 60 Prozent vum Medianloun, wéi et an der EU-Direktiv virgesinn ass, goen ze wëllen, fënnt d'OGBL-Presidentin. 

Protester bis e Revirement an der Politik kënnt

Duerch d'Indextranche, déi am éischte Semester 2026 dierft erfalen, an dem Ajustement, wäert de Mindestloun vun 2027 un ëm 170 Euro pro Mount eropgoen. No den Erhéijunge soll de Mindestloun dem Marc Spautz no 60,2 Prozent vum Medianloun ausmaachen, also liicht iwwer deem, wat eng EU-Direktiv recommandéiert. 

D'Nora Back huet am 100,7-Interview betount, datt d'Regierung elo duerch "Rechnereien" de Medianloun erofgedréckt huet fir näischt mussen um Mindestloun ze maachen. Fir d'EU Direktiv ze erfëllen, hätt een de Mindestloun hei zu Lëtzebuerg ëm 11,2 Prozent erhéije missen.

"A mir waren do ganz raisonnabel an hunn deen ënneschte Referenzwäert geholl. An dat war de 60 Prozent vum Medianloun. Et kéint een och 50 Prozent vum Duerchschnëttsloun huelen. Dat wier nach eng vill méi konsequent Erhéijung gewiescht."

D'Nora Back annoncéiert gréisser Protester a gewerkschaftlech Aktiounen am Numm vum OGBL an LCGB. Mat dëser Regierung hätt ee geléiert, datt deen eenzege Wee eppes ze errechen, iwwer de Protest op der Strooss wier.

"Mir wäerten elo voll op den 1. Mee mobiliséieren an och eis 1.-Mee-Rieden a Manifestatioune wäerte sech komplett och op dat Theema hei konzentréieren."

Bereet un Tripartite deelzehuelen

Ob et dann nees zu enger grousser Manifestatioun, wéi déi vum Summer zejoert kënnt, a wéini déi kéint sinn, konnt d'Nora Back nach net soen. D‘Gewerkschafte wäerten awer zum Theema Mindestloun an aneren Theemen esou laang op d‘Strooss goen, bis e Revirement an der Politik kënnt, esou d‘Nora Back.

Wann eng zweet Index-Tranche dëst Joer erfält, an d‘Regierung dann eng Tripartite aberifft, wat si dem Koalitiounsaccord no maache misst, da wieren OGBL an LCGB awer bereet, un där Tripartite deelzehuelen. 

Och d‘Patronat ass bereet, sech am Fall vun esou enger Tripartite zu Dräi - also mat de Gewerkschaften an der Regierung - un en Dësch ze setzen. Dat sot de Michel Recking, President vum Patronatsdaachverband UEL, och de Moien hei op der Antenn

play_arrow Lauschteren