No der Entrevue hunn d’Vertrieder vun der Gewerkschaftsunioun vu positiven a konstruktive Gespréicher geschwat, déi virun allem an der Form besser gewiescht wieren wéi ënnert dem viregten Aarbechtsminister Georges Mischo.
Gesetzespropositioun an Aussicht gestallt
Et wier een et zwar sou lues Leed ëmmer rëm déi eege Positioun ze widderhuelen, esou d’OGBL Presidentin Nora Back. Ma den Aarbechtsminister Marc Spautz hätt ëmmerhin an Aussiicht gestallt dass d’Diskussioune weiderginn an, datt eng Propositioun vun der Regierung soll kommen.
No dëser éischter Entrevue mam Aarbechtsminister huet d’Nora Back nach eng Kéier betount wat d’Gewerkschaften a puncto Plattformaarbecht fuerderen. Also fir déi Leit déi fir digital Plattforme schaffen. Zum Beispill fir Iessen ze liwweren oder als Taxichauffer.
Gewerkschaftsunioun: Ouni Sanktiounen déngt dat beschte Gesetz näischt
D'Gewerkschafte fuerderen, datt iwwer objektiv Krittären definéiert gëtt, datt e Mënsch e Salarié an net e Faux-Indépendant am "Wildwuchs" ass, betount d'Nora Back. Iwwert dës Krittäre wier zesummen diskutéiert ginn. Den OGBL wéilt awer och, datt Sanktioune kënnen ausgeschwat ginn. Et kéint een dat "schéinst Gesetz vun der Welt hunn", wann sech herno net dru gehale géif da wier och e Gesetz net vill wäert.
"Dofir brauche mer och Sanktioune vis -à -vis vun den Employeuren, de Plattformen, wa se sech net un d'Gesetzer halen."
D'Leit déi fir eng Plattform schaffe bräichte Matbestëmmungsrechter, a genau esou bräicht een eigentlech e reguléiert Aarbechtsrecht fir dës Leit, déi eigentlech als Salariéë gëllen.
Patronat: Net kloer wat eng Plattform iwwerhaapt ass
No de Gewerkschaften haten och d'Patronatsvertrieder en éischt bilateraalt Gespréich mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz iwwert d'Plattformaarbecht. Fir d'Patronat wieren nach eng Rëtsch froen op. Dem Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL no géifen sech d'Vertrieder vum Patronat déi selwecht Froe stellen, wéi den Aarbechtsministère. Zum Beispill wier net kloer definéiert wat eng Plattform iwwerhaapt ass.
Reckinger: EU-Direktiv misst ugepasst ginn
Déi Froen, déi och schonn vun anere Länner opgeworf gi wieren, missten op EU-Niveau geklärt ginn, heescht vum Patronatsvertrieder. Dat wier eng wichteg Viraussetzung fir, datt d’Memberlänner d’EU-Direktiv ëmsetze kéinten.
D’Plattform-Direktiv misst vun der EU nach eng Kéier ugepasst ginn fir, datt een se méi einfach kéint ëmzesetzen, esou nach de Michel Reckinger vun der UEL. Bis den 2. Dezember 2026 hunn d’EU-Memberlänner nach Zäit dat ze maachen. Bis ewell huet nach kee Land d’Direktiv ëmgesat.