D‘Zuel vun den neien Inscriptiounen ass ëm iwwer 20 Prozent par Rapport zu Dezember d‘Joer virdru geklomm.
Déi meescht Inscriptiounen, déi bäikomm sinn, wieren héich qualifizéiert Leit, mat Unisdiplom, onofhängeg vum Alter. Besonnesch d‘Sekretariats- an Assistenzberuffer wiere betraff, awer och d‘IT an d‘Comptabilitéit.
Am Dezember sinn awer och rëm méi fräi Plaze beim Aarbechtsamt deklaréiert ginn. Där sinn et der elo 2.555 – wat enger Hausse vun iwwer 7 Prozent entsprëcht.