Weder d’Pensiounsreform nach d’Steierreform wieren déifgräifend genuch fir de System nohalteg ze stäerken, esou d’Nora Back.
"Nach net vill ze vermelle" bei der Steiergerechtegkeet
Béid Reforme wieren néideg gewiescht. D’Pensiounsreform awer wier eng ideologesch Mesure an d’Steierreform géif keng Steiergerechtegkeet schafen.
"Zu engem gerechte Steiersystem gehéiert och, datt de Patrimoine, de Besëtz, och besteiert gëtt, sief dat iwwer en Impôt sur la fortune, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn, an och eng progressiv Besteierung vun Terrainen a Wunnengen, wann ee Multiproprietaire ass, a virun allem, wa se eidel stinn. Hei gëtt et bis elo net vill ze vermelle vun dëser Regierung."
Luef gouf et dogéint fir den éischten nationalen Aarmutsplang, deen d’Regierung Ufank Dezember virgestallt hat. Mee och deen hätt Defiziter, esou d’Nora Back.
CSL fuerdert Erhéijung vum Mindestloun
D’Mindestpensioun an de Mindestloun wieren zu Lëtzebuerg nach ëmmer ze niddereg.
"An duerfir muss eppes op deem Mindestloun geschéien. Mir fuerderen eng konkreet Erhéijung vum Mindestloun. Ech si ganz frou, datt den neien Aarbechtsminister, de Marc, eis herno bestëmmt wäert soen, ëm wéi vill Prozent d'Regierung de Mindestloun wäert erhéijen."
Dat huet de Marc Spautz, deen zënter der Demissioun vum Georges Mischo am Dezember Aarbechtsminister ass, awer net gemaach. Eenzel Dossieren huet hien net am Detail kommentéiert.
Vertrauen zum Aarbechtsminister nees hierstellen
Déi sollen an den nächste Méint mat de Sozialpartner beschwat ginn. Mee dofir bräicht et erëm Vertrauen.
"An dat ass dat ,wat ech wëll probéieren erëm hinzekréien, datt dat Vertrauen, wat noutwendeg ass fir Verhandlungen ze féieren, dat Vertrauen, wat noutwendeg ass fir mateneen ze diskutéieren, och erëm kann hierstellen."
Vertraue géif een net sécher vun haut op muer kréien, esou de Marc Spautz weider. Mee et wier d’Grondlag fir am Sozialdialog zu den néidege Resultater ze kommen.