arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Allegrezza: E Betrib, an deem d'Salariéë sech gutt fillen, wier méi produktiv

Conseil National Productivité

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Serge Allegrezza: E Betrib, an deem d'Salariéë sech gutt fillen, wier méi produktiv

De Conseil National de la Productivité beréit déi Lëtzebuerger Regierung a schwätzt Recommandatiounen aus iwwer d'Produktivitéit zu Lëtzebuerg. Déi Haaptrecommandatioun un d'Regierung wier d'Investissementer ze promouvéieren, esou de President Serge Allegrezza.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow
Serge Allegrezza  | © Ana Angel
Serge Allegrezza (Foto: Ana Angel)

D'Produktivitéit vun engem Land kéint ee sech wéi eng Ratio, eng Brochrechnung virstellen.

Wat genee ass eigentlech Produktivitéit? 

Dobäi wier iwwer dem Stréch den Output. Domat wier d'Valeur ajoutée gemengt, also beispillsweis d'Tonnen u Stol, oder soss Gidder a Servicer. Ënner dem Brochstréch géif dat stoen, wat een drastécht, erkläert de Serge Allegrezza. 

"Dat ass Aarbecht, Aarbechtsstonnen. Et ass d'Energie, et sinn d'Materialien oder d'Maschinnen, déi wärend der Zäit do lafen." 

Déi Valeur ajoutée hätt eng Konterpartie an der Form vu Revenuen. Domat wieren d'Profitter, d'Salairen oder nach déi indirekt Steiere gemengt. Also d'Akommes. 

"Wat dat méi héich ass, wat mir méi verdéngen, wat mir méi profitabel sinn, wat de Staat méi ka kasséieren. An ëmverdeelen oder investéieren an Infrastrukturen." 

D'Produktivitéit wier dat, wat de Wuelstand vun engem Land géif ausmaachen, esou de Serge Allegrezza. 

Produktivitéit misst nees wuessen 

Zu Lëtzebuerg hätt een eng ganz héich Produktivitéit, esou de President vum CNP, souguer déi héchst aus Europa. Se géif awer zënter Joerzéngte stagnéieren a wier an de leschte Joren esouguer negativ. 

"Dat ass de ganzen Enjeu. Wéi maachen, fir datt d'Produktivitéit erëm kann normal wuessen? Zumindest 1 bis 1,5 Prozent. Well soss kënne mir deen héijen Niveau, dee mir elo hunn, lues a lues verléieren." 

A sengem Rapport schwätzt de CNP och Recommandatiounen aus. Eng dovu wier, datt een d'Kompetenze vum Management an de Betriber misst stäerken. 

"Do brauch een eigentlech e Management, dee capabel ass e Betrib esou ze féieren, datt en innovativ ass, datt en op nei Marchéë geet an datt en natierlech seng Ressourcen effikass kann asetzen." 

Kompetenze vum Management a Wuelbefanne vun de Salariéen 

Nieft de Management-Kompetenzen hätt och d'Wuelbefanne vun de Salariéen ee positiven Impakt op d'Produktivitéit. 

"Déi Variabel war och extreem signifikativ." 

Wat recommandéiert de CNP dem Lëtzebuerger Staat? 

"Et muss ee méi investéieren." 

Et misst alles gemaach ginn, fir d'Investissementer ze promouvéieren, esou de Serge Allegrezza. Dofir missten d'Investissementer awer och profitabel sinn. An do wier ee séier bei der Simplification administrative. 

"Ech soe vereinfachen. Net ofschafen. Well dann ass och d'Tendenz, fir ganz villes ofzeschafen, wat awer kann utile sinn. E Reglement ass net ëmmer eppes, wat stéiert." 

Et misst een awer kucken, wéi een och do méi effikass kéint ginn. 

play_arrow Lauschteren