Dës Modifikatiounen, ee Projet vum fréieren Aarbechtsminister Georges Mischo, goufen um Donneschdegmoien an der Chamber mat de Stëmme vun der CSV-DP-Majoritéit gestëmmt.
Mesuren trieden a sechs Méint a Kraaft
Decidéiert goufen um Krautmaart mat dëse 34 Stëmmen och déi nei Reegele fir d’Ëffnungszäiten am Eenzelhandel an am Liewensmëttel-Handwierk: Ee Projet vum Wirtschaftsminister Lex Delles.
Ëffnungszäite vu moies 5 Auer bis owes 21 Auer op Wochendeeg ginn elo gesetzlech verankert, an Ëffnungszäiten de Weekend bis siwen Auer owes. Ënner Konditioune ginn och Ouvertureszäite bis nuets um 1 Auer méiglech, a souguer ronderëm d’Auer.
Dës Mesurë goufen de Moien an der Chamber gestëmmt: Si wäerten awer eréischt a gutt sechs Méint a Kraaft trieden.
Corinne Cahen: "Däerfen heescht net mussen"
Haut wier keen Dag vu grousser Freed, esou, an Uspillung op eng rezent Aussoe vum Premier Luc Frieden, den LSAP-Deputéierte Georges Engel.
"De Kär vum Problem ass nämlech kloer, mir normaliséieren hei d'Aarbecht owes, d'Aarbecht nuets a weekends a grad esou wéi beim Projet virdrun och elo de Sonndeg. Et gesäit een also ganz kloer, wou et mat dëser Regierung hi geet."
No Meenung vun der DP-Deputéierter a Geschäftsfra Corinne Cahen, géif mam Gesetz iwwer d’Ëffnungszäite Gerechtegkeet geschafe ginn.
"Ech wëll op d'Wuert 'däerfen' insistéieren. 'Däerfen' heescht net 'mussen'. 'Däerfen' heescht 'däerfen'. Fir ons ass et virun allem wichteg, dass et fir jiddereen am Land, wéi gesot, d'selwecht ass. Datt och d'Salariéen all déi selwecht Rechter hunn."
Marc Engel: "Business virun Allem"
Och d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet betount, et géif keen Zwang geschafe ginn, Geschäfter méi laang mussen opzemaachen.
"Et ass kee Fräibréif fir eng onbegrenzte Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten. Et bleiwe kloer Limitten. Et bleiwe gesetzlech Feierdeeg mat obligatoresche Fermeturen."
Weider wier all Ausnam, déi iwwer de gesate Kader erausgeet, un ee Kollektivvertrag gebonnen.
Och beim Projet fir d’Sonndesaarbecht goufen et Kriticke vun der Oppositioun: Nach eng Kéier den LSAP-Deputéierte Georges Engel.
"Et ass en Ugrëff op d'sozial Rechter vun Dausende Salariéen, et ass eng Ëmgeeung vun der Sozialpolitik an eng Politik, déi de Business First virun Allem stellt."
An de Chamberdebatten zur Sonndesaarbecht an zu den Ëffnungszäite gouf och vill iwwer d’Problemer beim Sozialdialog geschwat: D’Projete ware jo ouni Accord vun der Regierung mat de Sozialpartner op de Wee geschéckt ginn
CSV-Buergermeeschter stellt Fro vun der Nuetsrou
Den CSV-Deputéierten an Nach-Buergermeeschter vun der Gemeng Käerjeng Michel Wolter huet an der Debatt nach kritiséiert, datt nieft den Autobunns-Tankstellen och nach eng Partie aner Tankstellen am Land d’Recht kréien, 24 Stonnen op 24 kënnen opzehunn. Wéi ass et mat der Nuetsrou vun de Leit, déi ronderëm esou Tankstelle wunnen, huet de Michel Wolter an der Chamber gefrot.
"Wou dann d'Leit ëm 2 Auer, ëm 3 Auer, ëm 4 Auer an der Nuet bäifueren, an Dir wësst jo a wat fir engem Zoustand dat an der Nuet meeschtens geschitt. Géift Dir gären an enger Uertschaft wunnen, vis -à -vis vun esou engem Etablissement, wou elo an Zukunft 24 Stonnen op 24 de Buttek op ass?"
Hie wéilt net, datt d’Awunner:innen aus senger Gemeng oder aus anere concernéierte Gemengen, u Liewensqualitéit géife verléieren, esou de Michel Wolter. Hien huet un de Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) appelléiert, eng Léisung op dësem Punkt ze fannen, nach éier d’Gesetz a ronn engem hallwe Joer a Kraaft trëtt. Hie wier oppe fir dës Diskussiounen ze féieren, huet de Lex Delles de Moien an der Chamber geäntwert.