arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sozialministesch sicht no Léisunge fir Leit, déi iwwer 78 Wochen am Krankeschäi sinn

Chamber

|
headphones

2 min

D'Sozialministesch sicht no Léisunge fir Leit, déi iwwer 78 Wochen am Krankeschäi sinn

Den Ament gëtt den Aarbechtskontrakt automatesch no 78 Woche Krankeschäin opgeléist. Engem Rapport vun der Inspektioun vun der Sécurité sociale no, hätten déi meescht, déi bis zum Schluss vun den 78 Woche kommen - nämlech iwwer ee Véirels – eng mental Krankheet.

headphones

2 min

Ronn ee Siwentel vun de Mënschen, déi méi laang wéi 78 Wochen am Krankeschäi sinn, hätt eng Kriibserkrankung. A ronn genee souvill haten eng Operatioun, déi nach net ganz verheelt ass.

Verschidde Persoune kéinten awer trotz länger Krankheet nach eng Kéier nees schaffe goen, oder och eng Deelzäitaarbecht behalen.

D’Sozialpartner hätten zesummen mat der CSV Sozialministerin verschidden Optiounen ënner d’Lupp geholl.

Krankeschäin géif net heeschen, datt een invalid ass 

Vun engem Accord kéint een awer net schwätzen, esou d’Martine Deprez an der Chamber. 

"Eng Iddi war eng Indemnitéit anzeféieren no deenen 78 Wochen, déi dann ugeleent wier un eng Invaliditéit. Mee et ass natierlech net gutt, wann esou Leit gesot kréien "Dir sidd elo invalid." Well si sinn net invalid."

Déi Leit kéinten deelweis nach schaffe goen, esou d'Ministesch. 

"Déi Reprise progressive du travail, déi gëtt ëmmer nach als Krankeschäin ugerechent, dat heescht, datt mer do déi Deeg, wou een da ka schaffe goen, net als Krankeschäin urechent. An da kann een déi Period och scho verlängeren. Mee all déi Diskussiounen, déi mer gefouert hunn, hunn net zu engem Konsens gefouert,."

Déi Diskussioune missten och am Aarbechtsgrupp, dee sech ëm den Absenteismus bekëmmert, gefouert ginn. 

D’Sozialministesch Martine Deprez huet iwwerdeems präziséiert, datt ee kéint bei de „Mi-Temps thérapeutiques“ besser formaliséieren, fir datt déi Deeg, wou d’Leit schaffen, net zum Krankeschäin gezielt ginn.