arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechts(on)zefriddenheet: Méi Aarbechtsdrock, manner Work-Life-Balance

Aarbecht

|
headphones

1 min

Aarbechts(on)zefriddenheet: Méi Aarbechtsdrock, manner Work-Life-Balance

D’Salariéen hei am Land sinn esou onzefridde wéi zënter 2014 net méi: Dat weist de Quality of Work Index vun der CSL, deen d’Aarbechts-Qualitéit an Zefriddenheet vu Salariéen hei am Land moosst. D’CSL warnt, datt déi mental a kierperlech Gesondheet vun de Salariéë sech verschlechtert. 

headphones

1 min

Motivatiounsfacteure wéi Autonomie, Feedback, Matbestëmmung a Weiderbildungsméiglechkeeten ginn deemno zeréck, wärend d’Belaaschtung klëmmt.

Dat virun allem duerch héijen Aarbechtsdrock an de Manktem u Balance tëschent Beruff- a Privatliewen. Dat geet aus der Etüd ervir, déi d'Chambre des Salariés (CSL) all Joer zesumme mat der Uni.lu duerchféiert. 

3.000 Participantë si befrot ginn

D’Analys géif och weisen, datt den Zougang an d’Participatioun u Formatiounen ongläich verdeelt bleiwen, esou den David Büchel, Conseiller de direction vun der CSL.

“Fir eeben de Salariéen ze erméiglechen, länger Formatiounen ze maachen, wou si sech kënnen ëmschoulen, wou si kënnen en Diplom kréien, datt mir och finanziell Aidë kréien, fir d'Salariéen, fir déi Formatiounen ofzedecken, datt mir deene Leit, déi interesséiert sinn, en individualiséierten Accompagnement, deen och qualitativ ass, proposéieren." 

Lauschteren

Fir de Quality of Life Index vun zejoert goufen iwwer 3.000 Participantë befrot. D’Enquête vun der Chambre des Salariés huet sech u Salariéen tëschent 16 a 64 Joer geriicht, déi zu Lëtzebuerg op d’mannst 10 Stonnen d’Woch schaffen, dorënner 49 Prozent Frontalieren.