Wa bis eng Regierungspropos virläit, erwaart de Gewerkschaftler sech, datt et zu enger reeller Diskussioun kënnt. De Kader kéint eng Tripartite sinn, wou Regierung, Patronat a Gewerkschafte verhandelen.
De Pitt Bach wënscht sech, datt déi Diskussioune sou séier wéi méiglech sinn, am beschten nach virum Summer, oder awer am Hierscht. Dat géif dovun ofhänken, wéini d'Regierung hir Propos mécht.
Trotzdeem gesäit de Gewerkschaftler och Konsens op verschiddene Punkten. Esou wieren all d'Acteure sech an de Gespréicher eens gewiescht, datt den éischte Pilier (dee staatlechen) weider d'Käerstéck vum Pensiounssystem soll bleiwen. De Repartitiounssystem soll bäibehale ginn an de Rentenantrëttsalter soll net eropgesat ginn. Och soll de System gestäerkt ginn an deem s een d'Recetten an d'Luucht dréckt.
Den Donneschdeg war am Dossier Pensiounsreform déi lescht vun den 3 Experteronnen, déi d’Sozialministesch Martine Deprez nom Chamberdebat aberuff hat an ofwaarde wollt, éier d’Regierung dann hir eege Reform-Iwwerleeungen op den Dësch leet. Dat soll nach virum Summer geschéien.