search

/ D'Prefinanzéierung vu PV-Anlagen kënnt bei de Leit, wéi bei de Betriber, gutt un

Photovoltaik

|
headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Prefinanzéierung vu PV-Anlagen kënnt bei de Leit, wéi bei de Betriber, gutt un

Zënter dësem Mount muss een déi finanzielle Bäihëllef fir Photovoltaikanlagen net méi virstrecke. Se gëtt direkt vun der Rechnung ofgehalen an den Installateur freet sech d’Sue beim Staat zeréck. Mee wéi genee funktionéiert dat? A wéi ass d'Resonanz dodrop?

headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Eng 107 Entreprisen aus dem In- an Ausland hu sech zënter dem 4. Januar an de Register agedroen, iwwer dee Photovoltaik-Anlage kënne virfinanzéiert ginn. Den neie Primmeregimme Klimabonus trëfft laut den zoustännege Beamten an och de concernéierten Entreprisen op groussen Interêt.

Fir d'Leit, déi sech eng Photovoltaikanlag installéiere wëllen ass et e Virdeel: Amplaz d‘Käschte virzefinanzéieren an da méintelaang op d‘Primmen ze waarde sinn et elo d‘Betriber, déi d‘Valeur vun der Prime direkt vun der Rechnung fir de Client ofzéien, a se da beim Wirtschaftsministère ufroen.

Opnam an de Register: Eng séier Saach

De Betrib muss sech dofir awer an de Register androen. Do gëtt dann iwwerpréift, ob de Betrib als Elektrobetriib zougelooss ass. Den Interêt wier bis elo ganz grouss, wéi den David Mathey, zoustänneg fir staatlech Aiden am Wirtschaftsministère, erkläert.

"An den éischten zwou Wochen, säit dem Ulafe vun der neier Aide Prefinancement PV, hu mir schonn iwwer 100 Betriber, déi eng Demande fir eng Inscriptioun op de Register gemaach hunn. An dës Demandë ginn och vum Wirtschaftsministère an der Moyenne an engem Delai vun engem ee bis zwee Deeg traitéiert."

Wann d'Demande dann als favorable traitéiert gouf, kënnt de Betrib an e Registre public an ass domat dann ageschriwwen.

(v.l.n.r.) Ben Reiser, David Mathey | © Jacques Ganser
(v.l.n.r.) Ben Reiser, David Mathey (Foto: Jacques Ganser)

Nei Konditioune fir un d'Primm ze kommen

Bannent maximal engem Mount kritt de Betrib op Demande hin seng Primmen ausbezuelt.

Nei ass, datt déi souwuel fir Photovoltaikanlagen, wéi och fir Batteriespäicher ausbezuelt ginn, déi zesumme mat Photovoltaik installéiert ginn. Rëscht ee Photovoltaik oder e Späicher no huet ee lo zwar och Urecht op eng Primm, net awer op e Prefinanzement. Donieft gëlle generell nei Konditioune fir un d‘Primm ze kommen, wéi de Ben Reiser vun der Direktioun Energie am Wirtschaftsministère erkläert.

"Mir kucken: Wat ass d'Leeschtung vun der Anlag? Wat ass d'Leeschtung vun der Batterie? An doraus berechnen sech e feste Montant. Do hu mir eng Berechnungsformel entwéckele gelooss. Dat ass eng degressiv Formel. Dat heescht, fir méi kleng Anlage kritt ee prozentual méi héich Subside fir d'Fixkäschten ofzedecken. An dat huet ee, vu datt mir elo e feste Montant hunn, hu mir den Effekt, dass d'Clienten, jee nodeem wéi d'Offer ausfält, kann d'Aide prozentual méi héich oder méi niddreg sinn."

Virdrun hat een e feste Prozentsaz. Mat de Gemengenaiden wier een do op e relativ héije Prozentsaz komm, an do hätten d'Clienten e bësse manner op de Präis gekuckt, well de groussen Deel vun den Aiden ofgefiedert gouf, esou nach de Ben Reiser. Dat wier elo net méi de Fall. 

Duerch de neie Berechnungsmodus soll verhënnert ginn, datt de Client einfach den héchste Präis akzeptéiert, mee sech e puer Devisen ufreet.

"Duerch de feste Montant vun der Subventioun huet de Client natierlech méi Interête verschidden Offeren ze vergläichen an dat féiert dann natierlech bei de Betriber och zu méi Konkurrenz a mir ginn och dovun aus, dass dat zu méi faire Präisser vun den Anlage féiere wäert."

Maximal 10.000 Euro kann een elo fir eng Anlag bäigeluecht kréien, fir eng Batterie sinn et maximal 2.250 Euro.

Och bei de Betriber Zoustëmmung fir de Modell

Dee Modell ass och vun den Elektrikerbetriber hei am Land gutt ugeholl ginn, esou de Gilles Reding, zoustänneg fir Betriibsberodung a fir Ëmweltfroe bei der Chambre des Métiers. Ronn 400 där Betriber ginn et zu Lëtzebuerg. Si goufen am Virfeld vun der Chambre des Métiers beroden.

"Mir sinn an enger schwiereger konjunktureller Phas. An all Mesuren, déi en Faveur si fir de Betrib, sinn och gutt ugeholl am Secteur. A mat deem neie Prefinanzement-Regimm erlaabt et eeben dem Consommateur manner esou virzestrecken. A mir erhoffen eis am Secteur natierlech eng Dynamik vun de Commanden."

Sollt de System vum Prefinanzement gutt funktionéiere kéint een och iwwerleeën, de System op aner Leeschtungen ze iwwerdroen, zum Beispill op Wärmedämmung oder Wärmepompelen. Fir dee Bilan wier et awer am Moment nach ze fréi, esou nach de Gilles Reding vun der Chambre de Métiers.

play_arrow Lauschteren