arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: "Lëtzebuerg wäert net autark sinn, wat d’Energieversuergung ugeet"

Nordsee-Sommet

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Lex Delles: "Lëtzebuerg wäert net autark sinn, wat d’Energieversuergung ugeet"

Lëtzebuerg wäert, wat d’Energieversuergung ugeet ni komplett autark sinn, esou den Energieminister Lex Delles, nom Nordsee-Sommet zu Hamburg am 100,7-Interview. Grad dofir wier esou e Sommet mat Staate wéi Däitschland wichteg, well Lëtzebuerg vum Nopeschland a puncto Energie deelweis ofhängeg wier.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
(v.l.n.r.)  däneschen Energieminister Lars Aagard, Lex Delles, däitsch Energieministesch Katharina Reiche | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Ulrich Stamm
(v.l.n.r.) däneschen Energieminister Lars Aagard, Lex Delles, däitsch Energieministesch Katharina Reiche (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Ulrich Stamm)

Gëschter um Méindeg, hu sech Staatscheffen an Energieminister:innen aus enger Rei Länner, dorënner Lëtzebuerg, Däitschland oder Dänemark, zu Hamburg fir den Nordsee-Sommet zesummefonnt. Haaptthema war do déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht bei der Energieversuergung an Europa. An Zukunft soll an der Nordsee déi gréisst Energieproduktioun vun Europa entstoen. Dat war den Tenor vum Nordsee-Sommet. 

Firwat ass Lëtzebuerg Deel vum Nordsee-Sommet?

Als Lëtzebuerg wier ee mat dobäi, well ee méi erneierbar Energie bréicht an och eng weider Entwécklung vun Offshore-Capacitéiten wéilt virundreiwen, esou den Energie- a Wirtschaftsminister Lex Delles. Bei Photovoltaikanlagen an och an der Wandenergie hätt ee grouss Schrëtter gemaach, mee Lëtzebuerg wäertbei der Energieversuergung ëmmer ofhängeg vun anere Länner sinn, seet den Energieminister.

"Mir mussen et fäerdeg bréngen, dass mer och eis Energie vun anzwuersch anescht hir kréien. An do ass d'Nordsee genau déi Plaz, wou Lëtzebuerg och matmécht fir d'Developpement ze maachen, fir Energien, souwuel elektresch, wéi awer och eventuell an Zukunft kënnen Hydrogen aus der Nordsee ze kréien."

Wat d’Elektrescht ugeet ass Lëtzebuerg nämlech un den däitsche Marché gekoppelt. An deem Sënn wëll de Lex Delles grouss Offshore-Farmen, also Infrastrukture bei Küsten, maache kënnen.

Keng finanziell Engagementer 

Trotzdeem huet Lëtzebuerg bei dësem Sommet keng direkt finanziell Engagementer gemaach, wéi de Lex Delles seet. Dofir géife sech den Ament nämlech nach ze vill Froe stellen. Beispillsweis wat weider Interconnectiounen tëschent deene verschiddene Länner ugeet.

"Wéi eng Repercussioun huet dat? Wie bezilt déi? Wéi kënne mer déi bauen? Wéi geet et do mat deene verschiddenen administrativen Hürden? Alles dat waren d'Theemen, déi ugeschwat gi sinn, op där enger Säit. Op där anerer Säit war et och fir d'éischt Kéier, datt hei um Sommet d'Fro vun der Sécherheet gestallt ginn ass. Well wa mer viru véier fënnef Joren nach doriwwergeschwat hunn, datt mer Offshore -Wand wëlle maachen, fir d'Dekarbonatioun vum Elektresch weiderzebréngen, dann ass et haut éischter eng Fro vun der Resilienz."

Zu Lëtzebuerg hätt ee bis ewell 50 Prozent vun den Ziler fir erneierbar Energie bis 2030 erreecht. Et géif ee grad kucke fir weider Wandanlagen ze bauen. Méiglecherweis och bei Aktivitéitszonen, esou datt de produzéierte Stroum sur Place ka consomméiert ginn, esou nach de Lex Delles.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Energieminister Lex Delles

play_arrow Lauschteren