search

/ Perquisitiounen ënner anerem bei der Administration des transports publics

Police judiciaire

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Perquisitiounen ënner anerem bei der Administration des transports publics

Op Demande vum europäesche Parquet huet d’Police judiciaire d’lescht Woch eng Rei vu Perquisitioune bei der Administration des transports publics, bei grousse Lëtzebuerger Busentreprisen, an an der Wunneng vun engem fréieren héichgestallten Offizielle gemaach.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et ass – fir de Moment – ee Verdacht vum europäesche Parquet: Déi betraffe Lëtzebuerger Busentreprisen sollen systematesch deklaréiert hunn dat se gewësse Linnen mat Elektrobusser géifen ofdecken obwuel se a Wierklechkeet mat Diesel oder Hybridbussen ënnerwee waren. Déi entspriechend Subventiounen wieren ausbezuelt ginn, haetten den Entreprisen awer nët zougestanen.

Betraff wieren 12 Milliounen Euro aus dem europäeschen regionalen Entwëcklungsfong vun de Joeren 2022 an 2023 an 11 Milliounen Euro aus dem 2024er Budget vum Lëtzebuerger Staat. Et goufen dowéinst d‘lescht Woch Perquisitiounen bei verschiddenen nationalen Busenterprisen zu Lëtzebuerg, bei der Administration des transports publics an an der Wunneng vun engem fréieren héichgestallten Beamten.

Wonsch vun der Ministerin: Affär soll transparent opgekläert ginn

D’Onreegelméissegkeete wieren nom Direktiounswiessel bei der Administration des transports publics opgefall, dat bei engem regulären Audit vun der Inspection générale des finances. Et géif elo alles gemaach ginn fir an aller Transparenz opzeklären, ob et fir des Gelder déi richteg Géigeleeschtung gouf oder net, sou nach d’Ministesch.

"Wann een dofir Subsidë kritt, da muss een och mat elektresche Busser fueren. An hei ass se supposéiert, dass dat net gemaach ginn ass."

Et wéilt een deemno alles maache fir datt dës Affär an aller Transparenz opgekläert gëtt, sou nach de Mobilitéitsministère an engem Schreiwes. Op Nofro hin hunn d‘Busgesellschaften op d‘FLEAA, d‘Federatioun vun den Busentreprisë verwisen. Déi huet hirersäits erkläert, datt ee schrëftlech iwwer Communiqué géif reagéieren.

play_arrow Lauschteren