Och fir d'JDL wier kloer, datt de System laangfristeg misst ofgeséchert ginn an datt een dofir net laanscht onpopulär Moossname géif kommen. Fir hie kéint et awer net sinn, datt zum Beispill iwwer Sujete wéi den Ajustement net géif geschwat ginn, deen de Pensiounssystem nach méi deier géif maachen.
Och domat, datt een Deel vun der CO2-Steier soll zweckentfremd ginn ass de Lou Linster net averstanen, déi wier geduecht gewiescht fir déi energetesch Transitioun sozial ofzefiederen, net fir de Pensiounssystem ze stäipen.
Op d'Fro, ob d'DP-Mandatairë vum Luc Frieden sengen Annoncen iwwer d'Pensiounsreform an der Chamber kal erwëscht gi wieren, wëllt de JDL-President net agoen.
Déi 5 Jugendparteien déi viru ronn 2 Méint eng éischte Kéier zesummen an der Saach Pensiounsreform ëffentlech kommunizéiert haten, wäerte sech an den nächsten Deeg nach eng Kéier gesinn an dann nach eng Kéier kommunizéieren, sou d'Hoffnung vum Lou Linster.