Radioen

On air

Vue sur mer  |  The Wombats - Blood On The Hospital Floor

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Patientevertriedung: Kritik um Contrôle médical

ëmmer méi plainten

​Patientevertriedung: Kritik um Contrôle médical

D’Patientevertriedung kritt ëmmer nees Plainten agereecht iwwert de Contrôle médical, deen an enger Rei vu Fäll Krankeschäiner refuséiert huet, ouni grëndlech Evaluatioun vum Patient, sot d’Vereenegung op enger Pressekonferenz.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Am Patientegesetz géifen et eng Hellewull u Punkte ginn, déi missten nogebessert ginn. Esou zum Beispill wier de Contrôle médical u sech onofhängeg, allerdéngs géifen et grave Problemer ginn, an do misst de Kontroller iwwerwaacht ginn, mengt den Dr. Eric Sassel.

D'Sprooch als méiglech Barrière

Wärend de Consultatiounen am Contrôle médical ginn et ënnert anerem Kommunikatiounsproblemer wéinst der Sprooch, oder de Kontrolldokter huet net déi néideg Kompetenze fir eng spezifesch Krankheet ze iwwerpréiwen. Weider ginn et Fäll, wou den Aarbechtsdokter enger Persoun eng Incapacitéit unerkennt, déi awer vum Contrôle médical widderluecht gëtt. 

​D'Patientegesetz soll op de Leescht geholl ginn

Et ginn zwar Recourse géint déi Decisiounen, mee déi Prozedur dauert laang. Dowéinst bräicht een eng Upassung vum Gesetz betount de René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung.

Den Dr. Eric Sassel wëll och eng sougenannt initiative législative citoyenne lancéiere mam Zil, d‘Patientegesetz nees op de Leescht ze huelen. Eng Initiative citoyenne muss vun 125 Wieler an enger éischter Phas ënnerstëtzt ginn an duerno vun 12.500 Wieler ënnerschriwwe ginn.