Op enger Pressekonferenz sot d‘Patientevertriedung de Moien och, datt et bei deene Kontrollen och dacks Kommunikatiounsproblemer wéinst der Sprooch ginn, oder well de Kontrolldokter net déi néideg Kompetenze fir eng spezifesch Krankheet hätt. Et wieren och Fäll ginn, wou den Aarbechtsdokter enger Persoun eng Incapacitéit unerkennt, déi awer vum Controle médical widderluecht gëtt. Et ginn zwar Recourse géint déi Decisiounen, mee déi Prozedur dauert laang.
De Generalist Dokter Eric Sassel, ass elo am gaangen eng initiative legislative citoyenne ze lancéieren. Déi muss vun 125 Persounen an enger éischter Phas ënnerstëtzt ginn an duerno vun 12.500 Bierger ënnerschriwwe ginn, fir eng Gesetzespropositioun an d’Weeër ze leeden.